Lidderbuch

C08 - D'Studenten aus dem Grand-Duché (REEL 2014, München)

D'Studenten aus dem Grand-Duché,
déi stoungen vrun der Dier.
Et gouf lo eescht, verbäi de Spaass
Si ronz'le mat der Stier!
D'Regéirong hat ee Meisch geschéckt,
fir si spueren ze dinn.
An dat wor him wéi't schéngt gegléckt,
si musse sech erginn.

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

Mä d'Studenten déi woren op,
a ruffe guer net frou:
"Eis Suen eis ewechgeholl,
dat loosse mir net zou!"
Sozialfäll jo dat si mer all,
de Staat soll sprangen do'n.
Mir mussen d'Käschte vun 'em Soff,
iergendwéi kënnen dro'n...

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

Mä Meisch duecht sech,
majo, dat do, ma dat wier dach gelaacht!
Mäin éischten Dossier um Posten
dee géing erof lo d'Baach.
Ah nee, do kënnt dir rechenen
an och är Leit nach fro'n,
Ech gläwe iech keng Nummeren
Mäin Hansen wäert iech't so'n!

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

Du koum de faméisen AK,
si ruffe ganz wäit vier:
"Looss d'Box erof, du Klu-unni
Mir filmen dat lo gier!"
Hat Meisch eppes ze verbiergen,
dat kann ee lo hei fro'n?!
Villäicht och eis Mini-i-ster
do ënne net vill dro'n...

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

Och d'Schüler gounge gär op d'Strooss,
a rulle mat den An:
Reformen sinn dach mega-out,
huet deen dat net verstan?
Si bläre mat er Bierestëmm,
Oh Meisch t'es un Kluni.
An er-gänzen dat selbstbewosst:
'Fanger weg de mon Uni!

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

Mä t'gëtt och nach een Daachverband,
dee fläisseg d'Aarbecht deet,
an och keen Zodi brauch ze schlo'n,
well een e sou versteet.
Dir wësst vu weem mir schwä-ätzen
eppes Bess'res fënnt ee kaum.
Ee konstruktiven Dialog,
ersetzt sou munchen Schaum.

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

D'Moral vun der Geschicht Här Meisch,
de Geck léisst een am Eck!
Verhand'le mat der A-ACEL,
do kritt Dir nii ee Schreck.
E-loquent, schéin a niichter
'schmier'mir Hunneg ëm de Mond.
do kënnt Dir soe wat Dir wëllt,
mir hunn eis einfach fonnt!

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer

Vergiesst also elo ni méi,
ze lauscht'ren op eis Stëmm.
A freet Iech nëmme ni ze fréi,
well d'Cercle sinn net domm.
Kommt hieft elo dann och Äert Glas,
ze prosten mat eis all,
Minister Meisch, lo feiert mat,
De Beierkrou ass voll!

Student a Studentin, o quel Malheur,
mir musse fort vum Suebuer.
Wéi ass dat mënscheméiglech nuer,
d'Regéirong huet hier Strenz verluer


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.