Lidderbuch

E24 - Tsuang

1. Tsuang, du aalt versoffent Schwäin
Tsuang, du sténks no Branntewäin
Tsuang, ech weess net, Tsuang
Wéis du dat dreifs, dass du esou säifs!

Tsuang, du aalt versoffent Schwäin
Tsuang, e Kar’li Branntewäin
Tsuang, du hou’ren Tsuang
Du kipps e jo ganz r`an an d’Panz!
 
Ëmmer am Damp, ëmmer am Stëbs,ëmmer zatzevoll
Eng Drëpp gëtt op déi aner geholl
Sief et en Zwir, sief et eng Grouss, puren Alkohol
Schëtts du dir sou hannert de Knapp vum Coll!
Bass du sat, bass du gewichst, kommen d’A gequoll
Da gëtt nach an der Gaass getroll
Fouss op d’Panz, blo däin A, e Protokoll
O Tsuang, So wéi dat ausgoe soll!
 
2. Tsuang, hunn ech dech endlech fonnt
Tsuang, du stéits verlaafnen Hond
Tsuang, du Ekel, Tsuang
deen net verdéngt, datt d'Sonn fir hie schéngt

Tsuang, wéi ass et mat der Pai
Tsuang, kuck nëmmen däi Gezei
Tsuang, wou ass de Kullang
deens du net mooss a jiddwer Strooss
 
Ouni so, ouni Kraaft, keng Grëtz Verstand
säifs du dech ausser Rand a Band
dobäi kann ech mech aarm onschëlleg Mod
zu Doud krepéi'ren an dem hou're Stot.
A wann da vun dem Soff deng Giisch entbrannt
méchs du mir alt erëm e Kand
't ass fir ze frecken ouni ze zécken, hei 'lo op
der Plaz
Tsuang, mäi Jong, du bass e Vull fir d'Kaz!
 
3. Tsuang, du hues deng lescht geschluppt
Tsuang, du hues fir d'lescht gehouscht
Tsuang, ech schlon der rang flang
de Präbbli op deng sabbleg Kopp

Tsuang, lo läis d'an denger Lued
Tsuang, 't ass wierklech batter Schued
Tsuang, o aarmen Tsuang
Du gees 'lo of, 't ass aus mam Soff!

Nimools méi, guer keng Grëtz, keng eenzeg
Drëpps netzt je nach deng erkaalte Lëps
a während's du do hann'n am Däischtrentapps
drénke mir hei weider Schnaps op Schnaps.
Keemol méi lalls du nach mat séilgem Hick
verlooss steet do deng Fläsch mam Schnick
a wanns du ouni Goût Ambrosia säifs
frecks d'all Dag op en Neis a liew’ges Leifs
 
4. Tsuang, du aalt versoffent Schwäin
Tsuang, 'lo läis d'an dengem Schräin
Tsuang, avoir mäin Tsuang
Du gees elo of, 't ass aus mam Soff!

Tsuang, dens du am Himmel bass
Tsuang, ech stëften dir eng Mass
Tsuang, o hellgen Tsuang
ech si geplot, schenk mir deng Gnod!

'T ass jo eng Sënn, 't ass jo eng Schan, ech
verlompe ganz
hei am versoffne Rousekranz
mäi latzgen Duuscht, de sau're Mëssewäin
verhonze mir mäin Hellgeschäin
't bleift mir soss näischt, als leschten
Trouscht dech unzeflehn
huel mir déi éiweg aus dem Been
soss kritt zulescht mat menger voller Panz
de Beelzebiibbche mech mam Schwanz!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.