Lidderbuch

E25 - Un der Atert

Un der Atert, no beim Waasser,
wou déi grousseg Pëppele stinn,
wunnt de Bauer Péitche Lauer,
a säi Meedchen d'Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi,
voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech nach e wéineg,
an da ginn ech Josefin.

Hie war ëmpeg, hatt war dëmpeg,
sou eng Nuddeldampmaschinn.
Hien hat néng an sengen Händchen,
duerfir zéng hat d'Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi,
voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech nach e wéineg,
an da ginn ech Josefin.

Eemol goung et, eemol stoung et,
bei der Baach eist Josefin.
An du rëtscht et, an du glëtscht et,
flipp an d'Baach eist Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi,
voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech nach e wéineg,
an da ginn ech Josefin.

T'huet getuddelt, t'huet gespruddelt,
an der Baach eist Josefin.
Well ech awer d'Waasser scheien,
looss'n ech leien, d'Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi,
voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech nach e wéineg,
an da ginn ech Josefin.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.