Lidderbuch

E26 - Wéi meng Mamm nach huet gesponnen

Wéi meng Mamm nach huet gesponnen,
an ech bei dem Riedche souz,
dunn hu lauter séileg Stonnen,
freet mer bruecht an hirem Schouss.
A wéi schéin déi golden Dreem,
an der Kannerzäit doheem.

Wéi meng Mamm nach huet gespo-ooo-oo-onnen.

Wéi meng Mamm nach huet gesponnen,
wat hat ech dunn d'Mënsche gär,
ech hu net verstoe konnten,
datt ee Béisen drënner wier.
Voll Vertraue wor mäin Häerz,
wousst näischt vun Tréin a Schmäerz.

Wéi meng Mamm nach huet gespo-ooo-oo-onnen.

Zënter ass meng Mamm gesponnen,
an um Späicher d'Riedche steet,
si meng golden Dreem verschwonnen,
an ech weess vun Tréin a Leed.
Gott, wann ech nach eemol séiz,
beim Riedche hiren zu Féiss.

Wéi meng Mamm nach huet gespo-ooo-oo-onnen.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.