Lidderbuch

E09 - De Wilhelmus

Zwee Kinékskanner, déi trei sech léif,
koumen ausenaner wäit an déif.
Zwee Kinékskanner, déi trei sech léif,
hu gebaangt ob d'Gléck nach bléie géif.
Haut weise si der ganzer Welt,
an engem Feld,
d'Goldlilje mat dem roude Kroune Léiw.
Haut steet em si voll Freed, Hand an Hand,
d'Vollek vun dem Lëtzebuerger Land.

Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus,
d'Mënschheet trëtt erléist an d'Liicht eraus.
Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus,
Lëtzebuerg ass Här am eeg'nen Haus.
Den Himmel huet no laanger Nuecht,
d'neit Fréijor bruecht,
a rëscht all Dir mat grénger Friddensstrauss.
Lo steet erëm sou frou, Hand an Hand,
Grouss a Kleng am Lëtzebuerger Land.

Mir hunn a schwéi'rer Zäit Trei bekannt,
't gong fir d'Fräiheet an et gong fir d'Land.
Mir hunn a schwéi'rer Zäit Trei bekannt,
d'Éier agesat zum Ënnerpand.
A wann eng nei Gefor en dreet,
mir si bereet,
mir hale nees mat Häerz a Wëlle stand.
Da steet 'rem staark a stolz, Hand an Hand,
d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.

Sou wäert et ëmmerzou eeneg sto'n,
voll Vertraue Gléck an Ongléck dro'n.
Sou wäert et ëmmerzou eeneg sto'n,
frou seng Flicht géint Troun an Heemecht do'n.
E staarke Stamm an aller Äerd,
an duebel wäert,
mat fräier Kroun voll Saaft a Sonn ze sto'n.
O Härgott, schiirm a leet, Hand an Hand,
d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.