Lidderbuch

E27 - Zu Arel op der Knippchen

Zu Arel op der Kippchen,
do sinn déi Weiber frou.
Si huelen gär eng Schlippchen,
eng drénkt der aner zou.
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
eng drénkt der aner zou,
eng drénkt der aner zou.

Et souzen dräi Gevuedeschen,
am Wiertshaus bis an d'Nuecht.
Mat hierem Parlatinchen,
an dronk'n eng Mooss er uecht.
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
an dronk'n eng Mooss er uecht,
an dronk'n eng Mooss er uecht.

Déi eng hellt hire Mantel,
a schläicht verbuergen heem.
Si geet en d'Bett sech leeën,
klot iwwer Aarm a Been.
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
klot iwwer Aarm a Been,
klot iwwer Aarm a Been.

A wéi de Mann erëmkoum,
freet hien: „Wou ass mäi Weib?”
„Si läit am Bett do uewen,
huet wéi an enger Träip.“
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
huet wéi an enger Träip,
huet wéi an enger Träip.

De Mann, dee rennt op d'Kummer,
setzt sech bei d'Bett op d'Bänk.
„O du meng arem Frächen,
wat feelt der, bass de krank?“
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
wat feelt der, bass de krank,
wat feelt der, bass de krank.

„Ech hunn deréinscht ganz warem,
vum kale Bur gedronk.
Hätt ech eng Schlippchen, Alen,
wär ech erëm um Spronk!“
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
wär ech erëm um Spronk,
wär ech erëm um Spronk.

Gläich ass de Mann bekëmmert:
„Hei Mod, schwenk du e Glas!
An huel déi zenne Kännchen,
an zap vum beschte Faass!“
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
an zap vum beschte Faass,
an zap vum beschte Faass.

„Setz alles bei dat Feier,
a maach et gliddeg heess!
Donk Zocker dran a Geimer,
da kënnt se an de Schweess!“
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
da kënnt se an de Schweess,
da kënnt se an de Schweess.

Wéi si de Wäi gedronken,
dréit si sech ëm a laacht:
„Esou kann een déi Männer,
beduxen, datt et kraacht!“
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
beduxen, datt et kraacht,
beduxen, datt et kraacht.

Hien hätt dat solle wëssen,
hien hätt geholl e Schäit,
fir d'Rëpper hir ze schmieren,
et wor déi héchsten Zäit!
Bereléng, léng, tirelireléng,
bereléng, léng, tirelireléng,
et wor déi héchsten Zäit,
et wor déi héchsten Zäit.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.