Dag fir Dag déi selwecht Leier,
keen Driff méi a kee Feier,
ronderëm alles Fad a blatzeg,
fille mech heiheem sou latzeg.
Eemol d'Joer hunn ech näischt léiwer,
wéi sou een Tropeféiwer.
A fir mäin Häerz da klappen ze dongen,
zéien ech mir d'Sonn mol op d'Longen,
waat ass d'Liewen dach sou séiss.
Zwou Bulle Mokka,
zwou sou séiss ewéi Zocka,
zwou Bulle Mokka,
do fälls de bal vum Hocka,
zwou Bulle Mokka,
zwou Bulle maan dech frouuuu,
well et sinn der zwou esou.
Nuechte gliddeg waarm wéi Lava,
eemerweis Piña Colada,
Rumba, Bolero a Mambo,
all owes stinn ech stramm do.
Well Nuets hunn ech näischt léiwer,
wéi sou een Tropeféiwer.
A wann ech mäi Bols da fillen,
brauch ech eppes fir ze killen,
si ass grouss meng feireg Glous.
Zwou Bulle Mokka,
zwou sou séiss ewéi Zocka,
zwou Bulle Mokka,
do fälls de bal vum Hocka,
zwou Bulle Mokka,
zwou Bulle maan dech frouuuu,
well et sinn der zwou esou.
Nuets hunn ech näischt léiwer,
wéi sou een Tropeféiwer.
Well no deem zéngten Tequila,
fillen ech mech ewéi ee Gorilla,
deen Tropesaaft dee gëtt mer Kraaft.
Zwou Bulle Mokka,
zwou sou séiss ewéi Zocka,
zwou Bulle Mokka,
do fälls de bal vum Hocka,
zwou Bulle Mokka,
zwou Bulle maan dech frouuuu,
well et sinn der zwou esou.
Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.