Mir informéiere Studenten, wéi och zukünfteg Studenten iwwert d'Studium.
Am Kader vun de Studieninformatioune kënnt d’ACEL an deng Schoul a beäntwert dir deng Froen iwwer däi Studium, deng Uni, deng Stad an deng Zukunft.
Um Student fir 1 Dag weise mir dir mat de Lëtzebuerger Studenten op der Plaz deng zukünfteg Uni, däi Campus a féieren dech duerch déi jeeweileg Studiestad.
Guide du Futur Etudiant (GFE)
An eisem GFE fënns du Informatiounen iwwer däi Studium, iwwer 40 Studentestied, deng Uni an alles, wat een als Student brauch. Och d’Kontaktdate vun de Lëtzebuerger Studentekreesser sinn do ze fannen.
Guide du Futur Diplômé (GFD)
Bass du geschwë fäerdeg mat dengem Studium? Am GFD fënns du Informatiounen iwwer wéi een eng Aarbecht fënnt, iwwer Virstellungs- gespréicher a nach méi, r däi Start an d’Beruffsliewen ze vereinfachen. Eis Guidë kriss du bei der Spuerkeess.