
Site Eldo
Du bass interesséiert un der nationaler an internationaler Aktualitéit an du hues ee gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch ?
Da gëff och du Deel vun eiser News Redaktioun.
Wat sinn deng Missiounen?
- Déi wichtegst an aktuellsten News aus Lëtzebuerg an och aus der ganzer Welt sichen
- Déi erausgesichten News kuerz a knapp als Artikele schreiwen an online setzen
- D’News live um Radio presentéieren
- Op Pressekonferenzen an Demonstratioune goen
- Berichter a Form vu Live Presentatiounen um Radio an/oder a Form vun engem Reportage an engem Artikel opstellen
Wat bréngs du mat?
- Interessi un der nationaler an internationaler Aktualitéit
- Gutt Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch (am geschriwwenen an am geschwatenen)
- Aner Sprooche wéi Däitsch, Franséisch an Englesch sinn natierlech och e Plus
- Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
- Et muss een net onbedéngt Journalismus studéiert hunn
- Flexibilitéit (sou wuel Weekends wéi och an der Woch)
- Eng agreabel Stëmm
Wisou grad den Eldo?
- Flexibel Aarbechtszäiten
- Ofwiesslungsräich Aufgaben
- Eng detailléiert Ausbildung
- E permanent Encadrement
- Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp
Du bass interesséiert?
Ma da schéck eis eng Mail op jobs@eldoradio.lu mat dengem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du déi richteg Persoun fir d’News-Redaktioun bass.
To apply for this job please visit www.eldo.lu.