Skip to main content

Information Desks & Hospitality

  • Job d'étudiant
  • Luxembourg

Site Luxembourg City Tourist Office

Mir siche Studente (m/f) fir de Summer !

Du bass ëmmer positiv a kanns anerer mat Denger gudder Laun ustiechen? Du schwätz gäre mat Mënschen aus den ënnerschiddlechste Kulturen an hues fir jiddereen e frëndlecht “Moien”, “Bonjour”, “Hello” oder “Guten Tag” parat? Du hues eng Passioun fir Deng Heemecht a bass den idealen Ambassadeur fir d‘Stad Lëtzebuerg? Da brauche mir Dech!

Mir offréiere Studenten (m/f) tëschent 18 an 27 Joer d‘Mataarbecht an enger flotter dynamescher Equipe! Dat hei sinn d’Missiounen:

·       Touristeninformatioun: am Büro oder a mobil Equippen op de flottste Plazen an der Stad
·       Organisatoresch Ënnerstëtzung bäi de geféierte Visitten an der Stad an am Palais grand-ducal.

Lies eis weider Informatiounen op www.luxembourg-city.com/jobs a schéck Däi kompletten Dossier (Motivatiounsbréif, CV, eng rezent Photo an eng Kopie vun Denger Studentekaart) bis den 19. Mäerz op jobs@lcto.lu eran.

Mir freeën eis op Deng Kandidatur.

Pour postuler envoyer votre CV et lettre de motivation par email à touristinfo@lcto.lu