Skip to main content

Collaborateur/Développeur de matériel pédagogique (m/f/n)

  • Contrat à durée déterminée
  • Hesperange

Site respect.lu

Mir sichen Dech!

Du hues Loscht pedagogescht Material fir Jonker zum Thema Radikalisatioun auszeschaffen. Basis ass eng Webserie zu verschiddene Themen vu Radikaliséierung) https://www.youtube.com/watch?v=ONEyRUqZYnI .

Du bass un der politescher Aktualitéit interesséiert, hues Spaass um Internet a bass fit am Ëmgang mat soziale Medien.

Du kanns souwuel eleng schaffen wéi an enger Equippe.

Du debrouilléiers dech an den 3 Sprooche L/D/F.

Da mell dech bei respect.lu. Scheck eis däi CV an e Motivatiounsschreiwes ob admin(at)respect.lu.

Niewent engem Kontrakt vun 20h/ Woch vu September bis Dezember 2022 oder vu 40h/Woch fir 2 Méint (CCT-SAS Kollektivvertrag), bidde mir dir och eng flott Aarbechtsatmosphär an enger dynamescher Equippe.

Pour postuler envoyer votre CV et lettre de motivation par email à admin@respect.lu

X