Skip to main content

PISA 2025 Testleiter/in

  • Job d'étudiant
  • Luxembourg

Site Service de Coordination de la Recherche et l'Innovation pédagogique et technologique (SCRIPT) du Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Am Kader vun der internationaler PISA-Étude 2025 sicht de Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation technologiques et pédagogiques vum Educatiounsministère fir den Zäitraum vum 23. Abrëll bis 23. Mee 2025 Testleiter/innen.

 

Aufgaben

• Durchféierung vum computergestëtzte PISA-Test an de Lycéeën

• Begleedung wärend dem Test mat Hëllef vu virgeschriwwenen Uweisungen op virun allem lëtzebuergesch

• Betreiung an Opsiicht vu 15-järege Schüler/innen (ca. 20-25 Schüler/innen)

• Vertraulechen Ëmgang mat den Testmaterialien

 

Zäitlechen Opwand

• ca. 5 – 6 Stonne pro Asaz (ca. 7.00 – 13.00 Auer)

• ca. 8 – 10 Asätz wärend der gesamter Testperiod

• Deelhuelen un enger obligatorescher Formatioun um EduPôle zu Walfer, déi bezuelt gëtt

(Mëtt Abrëll)

 

Viraussetzungen

• Student/in (mindestens 3 Joer Studium) oder Diploméiert/en

• ganz gutt Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch

• sécheren Ëmgang mam Computer

• frëndlecht, bestëmmt a gefleegtent Optrieden

• Zouverlässegkeet, Organisatiouns- a Kommunikatiounsfäegkeeten

• gutt Erreechbarkeet (per Telefon a per E-Mail)

• gutt Disponibilitéit (ongeféier 3 Deeg pro Woch)

• eegenen Auto ass vu Virdeel

 

Bezuelung

140 Euro pro Asaz (Frais de route ginn nët bezuelt)

 

Kontakt

Sollt Dir Interessi un dëser Aufgab hunn, da schéckt w.e.g ären CV mat Foto bis spéitstens den 14. Februar 2025 per E-Mail un d’Madamm Andrea Christensen (email hidden; JavaScript is required). Fir Nofroe kënnt Dir Iech gäre per E-Mail un ons wenden.

Pour postuler envoyer votre CV et lettre de motivation par email à pisa@men.lu