Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Aarbechtsdokter

De Code du travail gesäit vir, dass all Salarié:e, éier en op senger neier Aarbecht ufänkt, fir eng Consultatioun bei den:d‘ Aarbechtsdokter:esch goe muss. Dat nennt een den Examen médical d’embauche. Dës Visitt ass gesetzlech virgeschriwwen an dofir obligatoresch. Den:d‘ Aarbechtsdokter:esch decidéiert dann, ob s du „fäeg” bass, fir schaffen ze goen. D’Médecine du travail ass virun allem präventiv an interesséiert sech an éischter Linn fir dat physescht a psychescht Wuelbefanne vum:vun der Salarié:e. Et handelt sech deemno net ëm eng Medezin, déi hëllefe soll, Kandidaten ze selektionéieren.

Wéini muss ech bei den:d’ Aarbechtsdokter:esch?

D’Visite médicale fënnt idealerweis virum éischte Schaffdag statt. Wann et sech net ëm e Poste à risque handelt, mee ëm een normalen Aarbechtsposten, ka se och an deenen éischten zwee Méint stattfannen. Dëst ass bei ville Bürosberuffer de Fall

Wat ass d’Roll vun engem:enger Aarbechtsdokter:esch?

Den:d‘Aarbechtsdoker:esch huet verschidde Rollen, dozou gehéieren: 

  • D’Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen an der Entreprise 
  • D’Adaptatioun vun den Aktivitéiten an den Equipementer 
  • D’Fërdere vun engem gesonden Aarbechtsrhythmus 
  • D’Protektioun vun de:d‘ Salarié:e géint physesch, chemesch a psychesch Nuisancen, déi mat der Aarbecht verbonne sinn

D’Organisatioun vun der Éischter Hëllef an der Entreprise A verschiddenen Entreprisë kann den Aarbechtsdokter och als Mediateur oder Vermëttler bei moralescher oder sexueller Belästegung op der Aarbechtsplaz intervenéieren.

Wat gëtt bei der Visite médicale gekuckt?

D’Zil vun dësem Besuch beim: bei der Aarbechtsdokter:esch ass et, erauszefannen, ob de:d‘Salarié:e aus medezinescher Siicht gëeegent ass, fir d’Aarbecht auszeféieren. Et gëtt also gekuckt, ob e keng gesondheetlech Problemer huet, déi en dru kéinten hënneren, d’Aarbecht ze maachen, respektiv déi eng Gefor fir hie selwer oder di aner Mataarbechter duerstelle kéinten

Drogentester

A verschiddene Firmaen, déi an der Industrie täteg sinn, ginn och toxikologesch Tester vum:vun der Aarbechtsdokter:esch duerchgefouert, fir festzestellen, ob de Salarié keng Droge konsuméiert. Verschidde Substanze kënnen nach e puer Méint nom Gebrauch am Blutt oder an den Hoer nogewise ginn. E positiven Test huet oft als Konsequenz, dass een net agestallt gëtt, an dat aus Sécherheetsgrënn. GUIDE DU FUTUR DIPLÔMÉ 33 An der Fonction publique sinn déi Drogentester duerch e Règlement grand-ducal fir verschidden Aarbechtsgruppe virgeschriwwen. Déi Tester ginn op spezifesch Demande vum:vun der Dokter:esch duerchgefouert. De:D‘Salarié:e muss allerdéngs säin Averständnes zum Test ginn. Wann de:d‘Salarié:e den Test refuséiert, kann en:d‘ Dokter:esch verweigeren e „Certificat d’aptitude“ auszestellen.

Wat muss ech maachen, wann ech déi Visite médicale hunn?

Well s du nach net fest agestallt bass, solls du, wéi fir all Virstellungsgespréich, gefleegt an net ënner Alkohol- oder Drogenafloss dech beim:bei der Aarbechtsdokter:esch presentéieren. Am Fall vun enger chronescher Krankheet, vergaange Krankheeten oder bei reegelméissegem Anhuele vu bestëmmte Medikamenter ass et wichteg, déi jeeweileg Ënnerlagen derbäi ze hunn – idealerweis a Form vun engem Rapport vum:vun der Dokter:esch, deen dech behandelt. Huel och deng Impfkaart mat.

Wat gëtt den Employeur gewuer?

Wéi all aner Dokteren:Dokteschen, ass och den:der Aarbechtsdokt:esch un de Secret médical gebonnen. D’Informatiounen, déi ausgetosch ginn, bleiwen deemno tëschent dir an dem:der Dokter:esch. Den Employeur kritt just de Certificat, deen dokumentéiert, ob de:d‘Salarié:e fäeg ass, ze schaffen oder net. Op dësem medezinesche Certificat kann den Aarbechtsdokter vermierken, ob de:d‘Salarié:e weider reegelméisseg muss bei den:d‘Dokter:eschgoen, a wa jo, wéi oft. Ee vun den Ziler vun dëse regelméissege Consultatiounen ass, no eventuelle Symptomer oder Krankheeten, déi a Relatioun mat der Aarbecht stoe kënnen, ze sichen.

Wat geschitt, wann ech de Certificat d’aptitude net ausgestallt kréien?

Och wann nëmme seelen entscheet gëtt, dass e Kandidat fir eng Aarbecht onfäeg ass, soll ee sech bewosst sinn, dass esou eng Decisioun zum Verloscht vun der Aarbechtsplaz féiert an dass et och keen aneren Auswee gëtt. Géint dës Decisioun vum:vun der Aarbechtsdokter:esch kann ee kee Recours aleeën.

Table of Contents