Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

ADEM

Agence pour le développement de l’emploi

Et ass net ëmmer einfach, nom Studium direkt eng Aarbechtsplaz ze fannen. Hei kann dir d’ADEM duerch verschidden Outilen hëllefen. Si ass en direkt Mëttel, dat all Mënsch zu deem Zweck zur Verfügung steet. Et ass dofir oft gutt, d’ADEM scho vum Ufank vun der Aarbechtssich un ze kontaktéieren, an net eréischt, wann ee wierklech näischt fënnt.

All d’Informatiounen zur ADEM an hire Servicer fënns du ënnert www.adem.lu

Wat soll ech als Diploméierte maachen?

Soubal ee mam Studium fäerdeg ass, kann ee sech bei der ADEM umellen an a reegelméissegem Kontakt mat engem:r conseiller:ère référent:e stoen. Dëst déngt virun allem dozou, keng Zäit bei der Aarbechtssich ze verléieren.
Mell dech iwwer de Contact Center vun der ADEM oder via MyGuichet.lu.

Wichteg: Och wann ee sech bei der ADEM ugemellt huet, soll a
muss ee selwer weider no engem Job sichen.

De Service Demandeurs d’emploi mécht de Lien tëschent de Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn – dat heescht dir – a potentiellen Employeuren. De:D‘ Beroder:in hëlleft dir bei der Sich an informéiert dech iwwert deng Rechter. En encadréiert d’Léit, déi eng Aarbecht sichen, och andeems en hinnen hëlleft, hire professionelle Projet ze definéieren a proposéiert de Kandidate Formatiounen oder Mesuren, déi hir Chancen, sech um Aarbechtsmarché z’integréieren, erhéijen.

De Beruffsberodungsdéngscht, dee souwuel an der Maison de l’orientation an der Stad Lëtzebuerg, an der ADEM-Agentur zu Esch-Belval wéi och an der Maison de l’orientation zu Dikrech ze fanne ass, ënnerstëtzt all Persoun, déi sech orientéiere oder nei orientéiere wëll. Dëse Service stellt vill Informatiounen an Dokumenter iwwer Beruffer a Beruffswiel zur Verfügung.

D’ADEM-OP organiséiert och individuell Berodungsgespréicher a këmmert sech ëm d’Vermëttlung vu Léierplazen. A enker Zesummenaarbecht mam Aarbechtsmarché bitt d’ADEM-OP perséinlech ugepasste Servicer un, déi och den aktuelle Realitéite vum Beruffsliewen entspriechen.

Den JobBoard vun der ADEM ass en Online-Service, deen et dir erméiglecht, Jobofferen, déi vun den Entreprisë bei der ADEM gemellt goufen, online ze kucken. Däin Accès op den JobBoard kriss du esoubal s du ageschriwwe bass.

Wann eng Offer dech intresséiert, gees du an d’Rubrik “Candidature”. De Conseiller kuckt, ob däi Profil bei dës Joboffer passt, a wann dat de Fall ass, setzt hien dech mam Patron a Relatioun.

De „Pool des assistants pédagogiques” ass eng Mesure vun der ADEM, vun där eng Persoun, déi op der Sich no enger Aarbecht ass an déi mindestens eng Première huet, ka profitéieren.

Wann ee fir dës Mesure selektionéiert gëtt, huet ee während engem Joer d’Méiglechkeet, Direktere vu Lycéeë mat administrativen Tâchen ze assistéieren an et ass ee verantwortlecht fir d’Surveillance vun de Schüler:innen.

Aschreiwung

Wéi scho erkläert, soll een sech als Jonken, wann ee mat der Uni fäerdeg ass, direkt bei der ADEM unmellen. Dëst gëlt awer och, soubal een säi Job verléiert.
All d‘Informatiounene zur ADEM fënns du op hierem Site:

Wéini kann ech mech bei der ADEM mellen?
  •  Bei der ADEM kann een sech mellen, wann:
    Ee gekënnegt krut
  • D‘Aarbechtsverhältnis op en Enn gaangen ass (Oflafe vum CDD, Kënnegung, asw.)
  • Ee mat senger Tätegkeet als Fräiberuffler ophält oder am Fall vun enger Insolvenz
  • Ee mat sengem Studium fäerdeg ass
  • Een zwar nach schafft, mee d‘Aarbecht wëllt wiesselen

Déi einfachst Method, fir sech unzemellen, ass, iwwert MyGuichet ze fueren. 

  •  Eng Umeldung bei der ADEM erméiglecht dir:
    Ënnerstëtzung an Orientéierung duerch d’ADEM bei der Sich no enger Aarbecht ze kréien
  • Vun de Servicer vun der ADEM ze profitéieren
  • Reegelméisseg Hëllef vun engem Beroder vun der ADEM ze kréien
  • Chômage ze kréien, falls du d’Konditiounen erfëlls, an do duerch och weiderhi sozialverséchert ze sinn.

Am Fall wou d‘Aarbechtsverhältnis ouni Schold vum Salarié
op en Enn geet, huet dësen, ënner verschiddene Konditiounen, d’Recht op Chômage. Och als frësch Diploméierte kanns du heivunner profitéieren.

Fir Chômage kënnen ze kréien, muss du:

  • Ouni eege Schold deng Aarbecht verluer hunn
  • Zu Lëtzebuerg wunnen
  • Tëschent 16 a 64 Joer al sinn
  • Aarbechtsfäeg a prett fir ze schaffe sinn
  • Op der ADEM als Demandeur d’emploi ageschriwwe sinn
  • Minimum 26 Woche vun deene leschten zwielef Méint geschafft hunn
Table of Contents