Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Chômage

Wéi scho virdrun erkläert, soll een sech als Jonken, wann ee mat der Uni fäerdeg ass, direkt bei der ADEM umellen. Dëst gëllt awer och, soubal ee säi Job verléiert.

All d’Informatiounen zur ADEM fënns du op hirem Site.

Wéini kann ech mech bei der ADEM mellen?

Bei der ADEM kann een sech mellen, wann:

  • Ee gekënnegt krut
  • D’Aarbechtsverhältnis op en Enn gaangen ass (Oflafe vum CDD, Kënnegung, asw.)
  • Ee mat senger Tätegkeet als Fräiberuffler ophält oder am Fall vun enger Insolvenz
  • Ee mat sengem Studium fäerdeg ass
  • Een zwar nach schafft, mee d’Aarbecht wëllt wiesselen.

Wéi leeft d’Umeldung bei der ADEM of?

Déi einfachst Method, fir sech unzemellen, ass, iwwert MyGuichet ze fueren.

Wat si meng Virdeeler, wann ech mech bei der ADEM mellen?

Eng Umeldung bei der ADEM erméiglecht dir:

  • Ënnerstëtzung an Orientéierung duerch d’ADEM bei der Sich no enger Aarbecht ze kréien
  • Vun de Servicer vun der ADEM ze profitéieren
  • Reegelméisseg Hëllef vun engem:enger Beroder.in vun der ADEM ze kréien
  • Chômage ze kréien, falls du d’Konditiounen erfëlls, an doduerch och weiderhi sozialverséchert ze sinn.

Wéini kréien ech Chômage?

Am Fall wou d’Aarbechtsverhältnis ouni Schold vum:vun der Salarié:eop en Enn geet, huet dësen, ënner verschiddene Konditiounen, d’Recht op Chômage. Och als frësch Diploméierte kanns du heivunner profitéieren.

Fir Chômage kënnen ze kréien, muss du:

  • Ouni eege Schold deng Aarbecht verluer hunn
  • Zu Lëtzebuerg wunnen
  • Tëschent 16 a 64 Joer al sinn
  • Aarbechtsfäeg a prett fir ze schaffe sinn
  • Op der ADEM als Demandeur d’emploi ageschriwwe sinn
  • Minimum 26 Woche vun deene leschten zwielef Méint geschafft hunn.
Table of Contents