Wat sichs du?
Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
Déi gréisst Mutuelle zu Lëtzebuerg, déi keng Assurancëgesellschaft per se ass, ass d’Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste (CMCM). D’CMCM gëllt als Zousaz zu der gesetzlech virgeschriwwener Krankeversécherung an trëtt bei wichtege medezineschen Agrëffer, Zänndokter:esch a bei Openthalter am Spidol zu Lëtzebuerg souwéi am Ausland a Kraaft.
D’CMCM-Assistance ass gratis am Basispackage mat dran a bitt e Service am Fall vun enger Erkrankung oder engem Accident am Ausland. Bei engem Spidolsopenthalt iwwert eis Grenzen eraus ass ee bis zu 100.000€ weltwäit ofgeséchert. De Rapatriement op Lëtzebuerg souwéi d’Birgungskäschten sinn illimitéiert mat abegraff. Souguer eng Reesrécktrëttsversëcherung ass mat dran.
Wann een d‘Garantie PRESTAPLUS ofgeschloss huet, iwwerhëlt d’CMCM d’Éischt-Klass-Zëmmer esouwéi de Supplement vum:vun der Dokter:esch an d‘präventiv Medezin. Zousätzlech gëtt och nach d’Garantie DENTA- an OPTIPLUS ugebueden. Dës iwwerhëlt een Deel vun de Käschte vum:vun der Zänndokter:esch, vun Zännimplanten an Zanspangen, esouwéi och bei Brëller, Kontaktlënsen an der Chirurgie réfractive.
Student:innen, déi wärend hirem Schouljoer am Ausland ambulant musse behandelt ginn, kënnen der CMCM fir e Remboursement eng Kopie vun der bezuelter Rechnung mat der Ofrechnung vun der Gesondheetskeess eraschécken. Fir dem:der Student:in onnéideg administrativ Demarchen ze erspueren, kënnen dës Dokumenter och ganz bequeem an direkt iwwer d‘CMCM-App eragereecht ginn. D‘Bedeelegung un de Fraisen, déi de Student doduerch huet missen droen, gi vun der CMCM iwwerholl.
All Jobstarter:in, deen deen:déi“ iwwer sengen Elteren affiliéiert war a sech elo individuell bei der CMCM umellt, kritt dat lafend Joer an dat Joer drop vun der CMCM geschenkt
2, avenue de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette
F969