Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

CNS

Wat ass d’CNS?

D’Gesetz iwwert den Eenheetsstatut vun 2008 huet zur Grënnung vun der Caisse nationale de santé gefouert. D’CNS, oder „d’Gesondheetskeess”, ass en autonoomen Etablissement public, dat ënnert dem Ministère fir Sozialversécherung steet. Säit der Aféierung vum Eenheetsstatut, ass d’CNS souwuel den Uspriechpartner fir all d’Salariéen aus dem Privatsecteur, wéi och fir d’Aarbechter beim Staat. D’CNS gëtt vun engem Conseil d’administration verwalt, zesummegestallt aus Salariat a Patronat. De President vun der CNS, e Staatsfonctionnaire, gëtt vum Grand-Duc nominéiert.

Wat ass den Ënnerscheed tëschent dem CCSS an der CNS?

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg schafft, sief et fir een Aneren:t oder als Fräiberuffler:in, gëtt obligatoresch iwwert de „Centre commun de la sécurité sociale“ (CCSS) sozialverséchert. Dës Versécherung zielt fir Krankheet, Maternité, Aarbechtsaccidenter a Beruffskrankheeten, Alter, Invaliditéit a Fleegebedierftegkeet. Dës Affiliatioun erméiglecht et dem Versécherten a senger Famill, vun de Leeschtunge vun der zoustänneger Krankeversécherung ze profitéiren an zwar iwwert déi kompetent Keess, z.B. d’CNS.

Wourëm këmmert sech d’CNS?

D’Gesondheetskeess ass ënner anerem responsabel fir d’Leeschtunge vun der Kranken- a Maternitésassurance. Hei gëtt tëschent Geldleeschtungen a Sachleeschtungen ënnerscheet.

Prestation-en-espècen

Prestation-en-espècë si Geldleeschtungen. Et handelt sech heibäi ëm Entschiedegungen, déi dem Haaptversécherte bezuelt ginn, fir e verluerent Akommes auszegläichen.

Déi verschidde Geldleeschtungen si finanziell Entschiedegunge fir:
  • Aarbechtsonfäegkeet 
  • Maternité an Accueil 
  • E Congé aus familiäre Grënn
  • Eng Aarbechtsdispens wéinst Maternité 
  • E Congé fir eng Persoun um Enn vun hirem Liewen ze betreien

E Certificat vum: vun der Dokter:esch, deen zu Lëtzebuerg ausgestallt gëtt, besteet aus dräi Deeler, déi déi folgend Informatiounen
enthale mussen: 

  • D’Datumer vum Ufank a vum Schluss vun der Aarbechtsonfäegkeet 
  • De Code-diagnostic 
  • Den Datum, op deem de Certificat ausgestallt gouf

Fir eng Aarbechtsonfäegkeet ze deklaréieren, muss de Versécherten den éischte Volet vum Krankeschäin un d’CNS adresséieren, den zweeten un den Employeur an den drëtte selwer
behalen. D’Deklaratioun vun der Aarbechtsonfäegkeet muss
bannent dräi Schaffdeeg nodeems de Versécherten als aarbechtsonfäeg erkläert gouf un d’CNS geschéckt ginn. Fir d’Anhale vum Delai ass de Poststempel ausschlaggebend. Ausserdeem ass bei all Korrespondenz d’Matriculesnummer unzeginn.
E Krankeschäin ass net néideg fir Aarbechtsonfäegkeeten,
déi zwee Deeg oder manner daueren. Allerdéngs muss den
Employeur an deem Fall trotzdeem benoriichtegt ginn. Falls
d’Aarbechtsonfäegkeet ëfters virkënnt, kann d’Gesondheetskeess verlaangen, dass all Absence op der Aarbechtsplaz
(wéinst Krankheet oder Accident) gemellt gëtt, an dat direkt ab
dem éischten Dag vun der Absence.
Falls d’Aarbechtsonfäegkeet méi laang dauert wéi de Krankeschäin am Ufank virgesinn huet, muss bis spéitstens den zweeten Aarbechtsdag, nodeems de leschte Certificat ofgelaf ass, en
neie Certificat bei der Gesondheetskeess agereecht ginn.
Den:D’Employé:e huet d’Recht, säi Salaire während der Aarbechtsonfäegkeet weider vum Patron bezuelt ze kréien, an dat
bis un d’Enn vum Mount an deem de 77. Dag vun der Aarbechtsonfäegkeet läit, gerechent iwwert eng Referenzperiod vun
uechtzéng successive Méint. Ab dem Mount nodeem de 77. Dag
Aarbechtsonfäegkeet erreegt ass, huet de:d’ Salarié:e d’Recht
op eng finanziell Entschiedegung vun der Gesondheetskeess,
wann de Contrôle médical vun der Sécurité sociale e positiven
Avis ofgëtt.
Fir e:eng Fräiberuffler:in ass dës Entschiedegung bis zum
Enn vum Mount, an deem de 77. Dag Aarbechtsonfäegkeet
läit, gerechent iwwert eng Referenzperiod vun zwielef successive Kalennerméint, suspendéiert (Période de carence). Fir
d’Entschiedegung vun dem:der Fräiberuffler:in wärend dëser
Period, muss hie sech fräiwëlleg bei der “Mutualité des employeurs” versécheren. Dann gëtt de:d’ Fräiberuffler:in op Basis
vun de Krankeschäiner vun der “Mutualité des employeurs” indemniséiert wärend der Période de carence.
De:D’Fräiberuffler:in muss d’Aarbechtsonfäegkeet deklaréieren, andeems en der CNS den éischte Volet vun de Krankeschäiner zoukomme léist, déi d’Period tëschent dem Ufank
vun der Onfäegkeet an dem Enn vun der Période de carence
integral ofdecken. D’Période de carence leeft eréischt ab dem
éischten Dag vun der Aarbechtsonfäegkeet, déi duerch e Krankeschäin, deen un d’CNS geschéckt gouf, ofgedeckt ass. Fir
d’Aarbechtsonfäegkeet ze verlängeren, muss en neie Certificat
vum: vun der Dokter:esch virum Enn vum lafende Certificat
ageschéckt ginn.
Während deenen éischte fënnef Deeg vun der Aarbechtsonfäegkeet ass et net erlaabt, aus dem Haus ze goen (och wann
um Krankeschäin de Géigendeel steet). Ab dem sechsten Dag
si Sortien tëschent 10:00 an 12:00 Auer an tëschent 14:00 an
18:00 Auer erlaabt, wann den:d‘ Dokter:esch ukräizt, datt näischt géint eng Sortie schwätzt.
Déi noutwenneg Sortië fir bei de Contrôle médical vun der
Sécurité sociale, de:d‘ behandelnd:en Dokter:esch oder en aneren Ubidder vu Gesondheetsleeschtunge sinn ëmmer erlaabt.
D’Persoun muss dës Sortien awer beleeë kënnen, falls néideg.

  • U Sportsaktivitéiten deelhuelen (ausser op Empfeelung
  • vum:vun der Dokter:esch) 
  • Aktivitéiten ënnerhuelen, déi net mat hirem Gesondheetszoustand kompatibel sinn 
  • Sech an engem Café, engem Restaurant oder Ähnlechem
  • ophalen, ausser fir eng Moolzecht zou sech ze huelen an ënner der Konditioun, datt d’CNS am Viraus informéiert gouf,
  • per Mail, an dat ab dem éischten Dag vun der Aarbechtsonfäegkeet. Zu dësem Zweck gëtt et e spezielle Formulaire, deen um Site vun der CNS ausgefëllt sollt ginn. 

Déi arbechtsonfäeg Persoun muss der CNS déi genau Adress
(Uertschaft, Strooss, Nummer, Etage, asw.) uginn, op där si
sech während der Aarbechtsonfäegkeet ophält. D’Adress vum
Openthalt wärend dem Krankeschäi muss um Certificat ugi
sinn, falls et eng aner Adress ass, wéi déi legal Adress vun der
Persoun. Wann dat net de Fall ass, muss d’Persoun der CNS
d’Adress per Mail duerchginn, andeems se de spezielle Formulaire um Site vun der CNS ausfëllt.
Ab deem éischten Dag vun der Aarbechtsonfäegkeet kann
e:eng Kontroller:euse vun der CNS tëschent 8:00 an 21:00 Auer
op der Plaz iwwerpréifen, ob de Versécherten op där Adress,
déi hien eragereecht huet, unzetreffen ass. Wann dat de Fall
ass, stellt hie seng Presence fest, anerefalls huet de Versécherten dräi Schaffdeeg Zäit, fir seng Absence ze justifiéieren.

De Maternitéscongé fänkt am Prinzip aacht Woche virum Accouchement un an hält zwielef Wochen duerno op. Bei der Adoptioun vun engem Kand, dat manner wéi zwielef Joer al ass, kann e Congé vun zwielef Wochen accordéiert ginn. Fir d’Recht op e Maternitéscongé oder e Congé d’accueil ze hunn, ass e Stage d’affiliation obligatoresch. An deem Joer virum Ufank vum Maternitéscongé oder dem Congé d’accueil muss ee minimum sechs Méint obligatoresch verséchert gewiescht sinn, fir datt dat Recht op Entschiedegung duerch d’CNS garantéiert ass. Fir d’Demande fir de Congé de maternité brauch een ee Certificat vum:vun der Dokter:esch deen de viraussiichtlechen Datum vun der Gebuert ugëtt. Dëse muss bannent de leschten 12 Woche vun der Schwangerschaft ausgestallt ginn.

All Salarié:e oder Non-Salarié:e (Fräiberuffler:in), deen e Kand
zu Laaschten huet, huet d’Recht op e bezuelte Congé aus familiäre Grënn, fir kënne bei sengem Kand ze sinn, wann et krank
ass, en Accident geschitt ass, oder aner gesondheetlech Grënn
seng Präsenz néideg maachen.
D’Dauer vum Congé pour raisons familiales hänkt vum Alter
vum Kand of. 3 Altersgruppen si virgesinn: 

  1. E Kand am Alter vu 0 bis manner wéi 4 Joer /// 12 Deeg Congé pro Kand 
  2. E Kand am Alter vu 4 bis manner wéi 13 Joer /// 18 Deeg Congé pro Kand 
  3. E Kand am Alter vun 13 bis manner wéi 18 Joer an hospitaliséiert /// 5 Deeg Congé pro Kand am Fall vun enger Hospitalisatioun . Pour les enfants bénéficiant d’une allocation spéciale supplémentaire (art. 274 du Code de la sécurité sociale), la condition d’hospitalisation ne s’applique pas.

D’Unzuel u Congésdeeg gëlle fir de ganzen Zäitraum fir deen se
virgesi sinn a ginn net all Joers op 0 gesat.
Béid Elterendeeler kënnen déi selwecht Unzuel u Congésdeeg
huelen awer net zur selwechter Zäit. Eng Absence muss an dësem Fall mat engem Certificat vum:vun der Dokter:esch justifiéiert ginn.

Verschidden Aarbechte si geféierlech fir d’Gesondheet vu Fraen, déi schwanger sinn oder nieren. D’Evaluatioun vun de Risike vun der Aarbecht esou wéi och d’Dispens geschéien op Avis vum:vun der kompetenten:er Aarbechtsdoker:esch, op Ufro vum:vun der Patron:ne. Am Fall vun enger Dispens gëtt de Loun net méi vum Employeur bezuelt, mee vun der CNS. Déi néideg Dokumenter fir den Dossier unzeleeë sinn un d’CNS ze schécken.

Dëse Congé ka vu Salariéë ugefrot ginn, déi Mamm/Papp, Schwëster/Brudder, Duechter/Jong, Partner (Mann/Fra oder legal unerkannte Partner), Schwoer/Schwéiesch oder Schwéierpapp/Schwéiermamm vun enger Persoun mat enger schlëmmer Krankheet am Endstadium sinn. D’Dauer vun esou engem Congé ass op maximum fënnef Schaffdeeg (oder 40 Stonnen) d’Joer pro Fall begrenzt. Wann zwou oder méi Persounen sech d’Betreiung deelen, mussen déi sech déi fënnef Deeg oder 40 Stonnen ënnereneen opdeelen. D’Absence vun der Persoun op der Aarbechtsplaz muss mat engem Certificat vum:vun der Dokter:esch, deen d’Krankheet vun där Persoun, déi betreit gëtt, attestéiert, justifiéiert ginn

Falls de Versécherten oder ee vu senge Matversécherte stierft, gëtt dës Entschiedegung ausbezuelt.

Prestation-en-naturen

Prestation-en-nature si Sachleeschtungen. Dorënner versteet een d’Gesondheetsleeschtungen, déi d’Prestatairen an d’Fournisseuren dem Haaptversécherten an de Matversécherten ubidden. Et handelt sech dobäi ëm: 

  • Medezinesch oder zännmedezinesch Versuergung 
  • Versuergung duerch aner Persounen aus dem Gesondheetssecteur 
  • Analysen an Ënnersichunge vu Laboratoiren 
  • Therapeutesch Kuren an Erhuelungskuren no enger OP 
  • Rehabilitatioun a funktional a psychiatresch Readaptatioun 
  • Orthopedesch Protheesen, Ortheesen an Epitheesen 
  • Organspenden 
  • Medikamenter zu Laaschte vun der Krankeversécherung, ausserhalb vum Spidolssecteur 
  • Brëller a Kontaktlënsen 
  • Bluttproduiten a Plasmaderivater 
  • Transport 
  • Fleeg an der Klinik 
  • Néideg medezinesch Anlagen an Apparater 
  • Leeschtunge während der Schwangerschaft

Wéi kréien ech meng Suen zeréck?

De Prinzip vun der Entschiedegung

Zu Lëtzebuerg ass et jidderengem fräigestallt, fir seng medezinesch Versuergung, säi Prestataire selwer ze wielen. Zu Lëtzebuerg gëtt et fir all Kategorie vu Prestatairen eng Konventioun an d’Prestatairë mussen sech un d’Tariffer halen, déi an de Nomenclature festgehale sinn.
D’Krankeversécherung iwwerhëlt nëmmen d’Akten, d’Servicer an d’Fournituren, déi an enger Nomenclature oder an de Lëschten, déi vun de Gesetzer, Reglementer, Konventiounen a Statute virgesi sinn, ageschriwwe sinn. Falls et sech bei engem:r Patient:in ëm en ongewéinleche Fall handele sollt, kënnen d’Prestatiounen, déi sech net an enger Nomenclature befannen, nëmmen ënner verschiddene Konditiounen iwwerholl ginn. De „Contrôle médical“ vun der Sécurite sociale kann decidéieren, Leeschtungen, déi aus dësem Kader erausginn, z’iwwerhuelen.

Beim Ausbezuele vun den Entschiedegunge ginn et zwou
Méiglechkeeten: 

  • D’Gesondheetskeess iwwerhëlt d’Leeschtung direkt (tiers payant) 
  • De Versécherte muss d’Sue virstrecken a kritt se da vun der CNS rembourséiert.

An deene Fäll, wou d’Gesetz et virgesäit, iwwerhëlt d’Gesondheetskeess direkt hiren Deel, an de Versécherte muss nëmmen
deen Deel, deen net vun der Versécherung iwwerholl gëtt,
bezuelen. Am anere Fall bezilt de Versécherten den integrale
Montant un de Prestataire (Honoraire, Fraisen, asw.) a schéckt
duerno der Gesondheetskeess d’Rechnungen, fir datt déi him
deen Deel, deen him zousteet, rembourséiert.
Opgepasst: Rechnungen, déi méi wéi zwee Joer nom Bezuelen
ageschéckt ginn, ginn net méi rembourséiert.
Et ass méiglech, d’Entschiedegunge per Scheck oder per Echtzäitiwwerweisung an enger vun den Agencë vun der CNS ze
kréien, dofir dierfen déi concernéiert Leeschtungen awer net
méi wéi zanter 15 Deeg bezuelt sinn a musse mindestens e
Montant vun 100€ pro Haushalt erreechen. Scheck kann een
ouni Fraisen an all Büro vun der Post aléisen. D’Echtzäitiwwerweisung as eng nohalteg an ëmweltfrëndlech Alternativ an
huet d’Virdeeler, datt se séier (e puer Sekonnen) a sécher ass
an datt ee sech net deplacéieren an ustelle muss, fir e Scheck
anzeléisen.
D’Ëffnungszäite vun den Agencë vun der CNS fannt Dir op hirem Site ënnert www.cns.lu > Agences et contact. D’Agencë
sinn op folgende Plazen ze fannen:
Beetebuerg, Maarnech, Dikrech, Déifferdeng, Diddeleng, EschUelzecht, Gréiwemaacher, Cité de la sécurité sociale (Lëtzebuerg Gare), Lëtzebuerg Stad, Miersch, Réiden un der Atert, Munneref, Rëmeleng a Wolz.
TIPP: Rechnungen, déi een op d’CNS schéckt, musse keen Timber kréien, wann se hei am Land verschéckt ginn. Recommandéë
sinn awer ëmmer zu Laaschte vun dem Versécherten.

De Versécherte ka verschidden Dokumenter, déi d’Krankeversécherung betreffen, iwwer den Onlineportal fir déi administrativ Demarchë vum Lëtzebuerger Staat, MyGuichet.lu, ufroen an zur Verfügung gestallt kréien.

D‘Aktivatioun vun eDelivery an Ärem private Beräich op MyGuichet.lu erméiglecht et der CNS, eDocumenter am PDF-Format online ze hannerleeën. Andeems eDelivery aktivéiert gëtt, verzicht Dir drop, d‘Dokumenter a Pabeierform a per Post zougestallt ze kréien. Dëst kann zu all Moment réckgängeg gemaach ginn, andeems Dir d‘eDelivery-Fonctioun desaktivéiert. Konkret kann een:

  • eDokumenter a sengem private Beräich op MyGuichet.lu ofruffen (déi Dokumenter, déi iwwer eDelivery kënnen deposéiert a consultéiert ginn, fannt Dir ënner www.cns.public.lu/fr/assure/cns-goes-digital/edelivery-myguichet.html; 
  • perséinlech Donnéeë consultéieren; 

oder folgend Demarchë maachen:

  • en provisoreschen Ersatzzertifikat vun der Europäescher Krankeversécherungskaart ufroen;
  • eng Attestatioun ufroen déi bescheinegt datt ee Recht op Prestatiounen huet déi wärend engem temporären Openthalt a Kap Verde, Marokko, Québec (Studenten:innen), Bosnien a Herzegowina, Tunesien oder der Tierkei kéinten néideg sinn;
  • en Zertifikat datt ee matverséchert ass; 
  • Bankdonnéeën änneren

Et ginn etlech Virdeeler. Et kann een d’Demarchë vun iwwerall an der Welt 24 Stonnen am Dag, 7 Deeg an der Woch maachen. D’Donnéeën si sécher, d’Demarchë gi séier traitéiert an d’Receptioun vun den Dokumenter geschitt am private Sécherheetsberäich. Well d’Lagerung vun den elektroneschen Dokumenter einfach ass, brauch een net méi d’Pabeier-Versioun vun der Keess, well d’Dokument kann iwwerall an zu all Ablack consultéiert a gedréckt ginn.

D’Authentifizéierung mat engem LuxTrust Produkt oder enger elektronescher Identitéitskaart (eID) suergt fir e grousse Sécherheetsniveau bei der Umeldung am private Sécherheetsberäich op MyGuichet. Et erlaabt der Keess de Versécherte kloer ze identifizéieren. Dës Authentifizéierung ass obligatoresch fir den Detail du remboursement am MyGuichet Beräich gesat ze kréien. Dofir, einfach den eDelivery aktivéieren. Duerno informéiert eng E-Mail Notifikatioun de Versécherten iwwert den Depot vum Detail du remboursement am private Sécherheetsberäich MyGuichet, wou en dann am PDF-Format consultéiert ka ginn. D’Authentifizéierung erméiglecht et och, d’Donnéeë vun der Krankekeess fir d’Virbereedung vun de Prozeduren ze benotzen an déi perséinlech Donnéeë bei der Krankekeess ze consultéieren. Dës online Servicer refletéieren de Wëllen, d’Informatiounsservicer ze moderniséieren an d’Bezéiung tëschent de Versécherten an der Keess ze vereinfachen. Weider Demarchë wäerten no a no op Guichet.lu bäigesat ginn.

Table of Contents