Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Meng Rechter
Formatioun
Lifelong Learning ass haut méi wéi jee en Thema fir Salariéen an Employeuren. Fir sech weiderzëentwéckelen an nei Kompetenzen ze léieren, muss een ëmmer erëm a Formatioune goen
Individuelle Formatiounscongé (Congé individuel de formation)
Fir wien ass den individuelle Formatiounscongé?
Den individuelle Formatiounscongé (CIF) riicht sech u Salariéen aus dem Privatsecteur, mee och u Selbststänneger a Fräiberuffler
Wéini kann ech vum CIF profitéieren?
Fir vum CIF profitéieren ze kënnen, muss een:
- Zu Lëtzebuerg schaffen
- Duerch en Aarbechtskontrakt un eng zu Lëtzebuerg registréiert Entreprise gebonne sinn
- Zum Zäitpunkt, wou een de CIF ufreet, op d’mannst säit sechs Méint beim Employeur beschäftegt sinn (fir Selbststänneger a Fräiberuffler: säit mindestens zwee Joer zu Lëtzebuerg sozialversëchert sinn)
Wéi vill individuelle Formatiounscongé hunn ech zegutt?
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.
Ginn ech während dem CIF bezuelt?
All Salarié huet am Laf vu senger Carrière 80 Deeg CIF zegutt. Wärend enger Period vun zwee Joer kann ee maximal 20 Deeg huelen an all Congé muss minimum een Dag daueren. Dës Deeg kënnen, ënner verschiddene Konditiounen, op verschidde Formatioune verdeelt ginn. Opgepasst! Een Dag CIF entsprécht net engem Schaffdag. Ëmfro dech am beschten an denger Entreprise, wann et bis esou wäit ass.
Congé sans solde pour formation
De Congé sans solde pour formation riicht sech u Salariéen aus dem Privatsecteur. E gëtt hinnen d’Méiglechkeet, sech fir eng limitéiert a festgeluechten Zäit onbezuelte Congé ze huelen, fir eng Formatioun ze maachen.
Wéini kann ech vum Congé sans solde pour formation profitéieren?
Fir vum Congé sans solde pour formation profitéieren ze kënnen, muss een:
- Am Privatsecteur schaffen
- Op d’mannst zwee Joer beim Employeur agestallt sinn
Wéi laang kann ech Congé sans solde pour formation huelen?
D’Dauer vum Congé sans solde pour formation ass:
- Minimum véier Wochen um Stéck
- Maximum sechs Méint um Stéck Pro Employeur kann ee souguer Congésperiodë cumuléieren bis zu engem Maximum vun zwee Joer.