Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Krankheet

Wéi, wou, wat, firwat?

Wéini muss ech dem Employeur Bescheed soen?

Am Fall wou de:d‘ Salarié:e krank ass, muss en dem Employeur den éischten Dag, wou en net schaffe kënnt, Bescheed soen.

Wéi muss ech dem Employeur Bescheed soen?

Et kann een entweder perséinlech Bescheed soen oder eng Drëttpersoun froen. Dat Ganzt ka per Telefon oder E-Mail/Fax geschéien, woubäi E-Mail a Fax et erlaben, duerno e schrëftleche Beweis ze hunn. Mä opgepasst: am Sträitfall ass et um Salarié ze beweisen dat den Patron d’Informatioun iwwert seng  Krankmeldung kritt huet. Et geet also net duer nëmmen een E-mail oder Fax ze schécken et muss een och eng Äntwert kréien, datt de Patron dovu Kenntnis geholl huet

Ab wéini brauch ech e Certificat vum:vun der Dokter:esch?

Spéitstens den drëtten Dag, wou een net ka schaffe goen, muss een e Certificat vum:vun der Dokter:esch erareechen. Virdru kann een dat awer och scho maachen. Den Employeur muss de Certificat spéitstens um Enn vum drëtten Aarbechtsdag kritt hunn.

Firwat muss ech e Certificat vum:vun der Dokter:esch eraschécken?

Wann een dem Employeur direkt den éischten Dag Bescheed gesot an de Certificat vum:vun der Dokter:esch spéitstens den 3. Dag vu senger Absence eraginn huet, ass ee per Gesetz géint Kënnegung geschützt. Fir dass de Kënnegungsschutz gräift, mussen déi zwou Konditiounen erfëllt sinn, an d’Protektioun duerch d’Gesetz ass och zäitlech limitéiert. Si spillt nëmme 26 Wochen ab dem éischten Dag vun der Krankheet. Hei ginn et e puer Ausnamen. Et besteet kee Kënnegungsschutz wann: 

  • De Salarié kee Certificat vum:vun der Dokter:esch no dräi Deeg ofginn huet 
  • De Salarié duerch e Verbriechen oder e Verstouss, un deem hien absichtlech deelgeholl huet, krank ginn ass 
  • De Salarié dem Employeur net Bescheed gesot huet an de Certificat vum:vun der Dokter:esch eréischt ofgëtt, nodeems hie gekënnegt ginn ass 
  • D’Schutzperiod vu 26 Wochen ofgelaf ass.

Ginn ech wärend dem Krankeschäi bezuelt?

Jo.

Wat geschitt, wann ech wärend mengem Congé krank ginn?

Wann de:d‘Salarié:e virun oder wärend sengem Congé krank gëtt, en doduerch net vu sengem Congé profitéiere kann an en e Certificat vum:vun Dokter:esch ofginn huet, ginn déi Deeg, déi e krankgeschriwwen ass, net als Congé gerechent.

Kann heefegt Feelen duerch Krankheet zur Kënnegung féieren?

Jo, wann een oft oder länger wéinst Krankheet feelt, kann dat e Grond fir eng Kënnegung sinn. Dëst, well villt Feelen och zu Problemer an der Organisatioun vun der Firma féiere kann, an den Employeur net méi kann op säi Salarié zielen. Den Employeur kann dem:der Salarié:e bei sengem Retour oder beim Auslafe vun der Schutzperiod vu 26 Woche kënnegen, an als Grond eng schwéier Désorganisatioun vun der Entreprise wéinst längerem, bezéiungsweis widderhueltem Fortbleiwe vum:vun der Salarié:e uféieren. Wann s du op 104 Woche réckwierkend gekuckt méi wéi 78 Woche krank bass, da féiert dëst zu enger automatescher Opléisung vum Aarbechtskontrakt. Bei dësen 78 Wochen ass et ganz egal, ob s du wéinst verschidde Krankheete gefeelt hues oder ëmmer nees wéinst där selwechter.

Kann den Employeur mech bei en:eng Dokter:esch schécken?

Den Employeur kann de:d‘ Salarié:e wärend dem Krankeschäi bei en:eng Dokter:esch schécken, deen hien erausgesicht huet. De:D‘Salarié:e kann dëst net ouni gutt Grënn refuséieren. Am Fall wou de:d‘Salarié:e soll refuséiere bei den:d‘ Dokter:esch ze goen, kann dat als Faute grave gewäert ginn. En plus fält doduerch de Kënnegungsschutz.

Wat gëllt als Aarbechtsaccident?

D’Gesetz definéiert en Aarbechtsaccident als en Accident, deen
engem Assuréierten duerch seng Aarbecht oder bei der Ausféierung vu senger Aarbecht geschitt.
Als Aarbechtsaccident gëllt awer och den Trajetsaccident. Dat
ass en Accident, deen um Wee fir op d’Aarbecht oder um Retour
geschitt:

  • Tëschent dem Haaptwunnsëtz, dem Zweetwunnsëtz oder all anerer Plaz, déi den Assuréierte reegelméisseg fir familiär Zwecker besicht an der Aarbechtsplaz 
  • Tëschent der Aarbechtsplaz an dem Restaurant, der Kantin, oder – méi generell gesinn – der Plaz wou den Assuréierte gewéinlech iesse geet a senger Mëttespaus.

Ausser am Fall vun „ausseruerdentlechen Ëmstänn” muss de:d‘Salarié:e direkt sengem Employeur iwwer den Aarbechtsoder Trajetsaccident Bescheed soen.
Den Employeur deklaréiert den Accident bei der Association d’assurance accident (AAA) an deelt hir sämtlech Informatioune mat. D’Association d’assurance accident (AAA) ass en Etablissement public, dat sech ëm d’Präventioun an d’Indemnisatioun vun Aarbechtsaccidenter a Beruffskrankheete këmmert.

Table of Contents