Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Mäi Salaire

Als Salarié:e hues du d’Recht, fir deng Aarbecht bezuelt ze ginn. De Montant, deens du kriss gouf am Kontrakt als Bruttoloun mat dengem:er Patron:ne festgehalen. Duerch de Prinzip vum Sozialstaat an der Quellesteier kriss du zu Lëtzebuerg awer net de Bruttoloun, mee de sougenannten Nettoloun. Nieft dem Bruttoloun kann ee jee no Patron:ne och vun aneren Avantagë profitéieren. Et handelt sech hei zum Beispill ëm d’Chèque-repasen, en Auto, asw.

Prinzip vun der Quellesteier

Als Salarié:e zu Lëtzebuerg kriss du net de Bruttoloun op däi Konto iwwerwisen, mee den Nettoloun. Däi:eng Patron:ne bezilt all Mount fir dech deng Steieren a Sozialkotisatiounen an iwwerweist dir dann de Nettoloun. Dat ass de Prinzip vun der Quellesteier.

Vum Bruttoloun op de Nettoloun

De Bruttoloun ass dat, wat ee kritt, éier d’Sozialkotisatiounen an d’Steieren ofgerechent ginn. Normalerweis verhandelt een de Bruttoloun mat dem:der Patron:ne. Dëse Montant muss och am Kontrakt dra stoen.

Den Nettoloun ass dat, wat däi:deng Patron:ne dir all Mount op däi Konto iwwerweist.

Wat gëtt alles vu mengem Bruttoloun ofgerechent?

Vum Bruttoloun gi verschidde Saachen ofgerechent. Dee gréissten Deel dovu maachen d’Sozialkotisatiounen an d’Steieren aus. Zu de Sozialkotisatioune gehéieren: 

  • D’Krankekeess (3,05%) 
  • D’Pensiounskeess (8%) 
  • D’Fleegeversécherung (1,4%) 

Als Abattement virun de Steiere kommen nach d’Deplacementskäschten. Duerno ginn dann d’Steieren ofgehale

Mindestloun

Zu Lëtzebuerg gëtt et e soziale Mindestloun (SSM), dee jidderee fir seng Aarbecht als Minimum muss kréien. Den onqualifizéierte Mindestloun läit aktuell bei 2 570,93€ (Index 944,43) de Mount. De Salaire läit ëm 20% méi héich, wann d’:den Salarié:aire fir d’Plaz qualifizéiert ass an ëm 20 bis 25% méi déif, wann et sech ëm e Jugendlechen handelt.

Alter a Qualifikatioun

 

Stonneloun

Salaire pro Mount

Méi al wéi 18 Joer an net qualifizéiert

100% vum SSM

14,4985€

2 508,24€

Méi al wéi 18 Joer a qualifizéiert

120% vum SSM

17,3982€

3 009,88€

Tëschent 17 an 18 Joer

80% vum SSM

11,5988€

2 006,59€

Tëschent 15 a 17 Joer

75% vum SSM

10,8739€

1 881,18€

Table of Contents