Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Meng Rechter
Pensioun
- Caisse nationale d'assurance pension
- L-2096 Lëtzebuerg
- (+352) 22 41 41 - 1
- https://cnap.public.lu/fr/support/contact.html
D’Caisse nationale d’assurance pension (CNAP) këmmert sech zu Lëtzebuerg ëm d’Pensiounsversécherung vun de Leit, déi am Privatsecteur schaffen a geschafft hunn.
Mir bezéien eis an dësem Kapitel nëmmen op d’Alterspensioun. Informatiounen zur Invalidepensioun oder der Hannerbliwwenepensioun fënns du um Site vun der Pensiounskeess.
Wéi eng Assurancen ginn et?
Am Lëtzebuerger Sozialversécherungsgesetz ginn et fir d’Pensiounsversécherung verschidden Zorte vu Versécherungszäiten. Déi wichtegst Zäit ass déi vun der obligatorescher Versécherung.
Wann een net méi obligatoresch verséchert ass, kann een sech nach fräiwëlleg oder fakultativ beim Centre commun de la sécurité sociale versécheren. Et kann een och Zäite bei der Pensiounskeess nokafen, wann een z. B. wéinst familiäre Grënn seng Aarbecht reduzéiert oder ganz opgehalen huet.
Zum Zäitpunkt vun der Pensiounsdemande kënnen dann och nach eventuell komplementar Versécherungszäite berécksiichtegt ginn.
Assurance obligatoire a wie fält dorënner?
D’Assurance obligatoire ass un eng Beschäftegung gebonnen.
D’Cotisatioune fir d’Pensiounsversécherung (8% fir e Salarié:e) ginn direkt vum Bruttoloun ofgehalen.
Als Salarié:e ass een automatesch obligatoresch verséchert.
Als Net-Salarié:e (Independant) muss een sech selwer ëm seng Versécherung këmmeren. Dës Umeldung muss beim Centre commun de la sécurité sociale gemaach ginn.
Pensiounsalter
Den normale Pensiounsalter läit aktuell bei 65 Joer, wann ee minimum 10 Joer obligatoresch abezuelt huet.
De Pensiounsalter kann, ënnert verschiddene Konditiounen, no vir verréckelt ginn:
- Ab 57 Joer, wann ee minimum 40 Joer obligatoresch abezuelt huet
- Ab 60 Joer, wann ee minimum 40 Joer verséchert war an dovunner 10 Joer obligatoresch abezuelt huet.
Bei de genannten Zäiten zielen am Prinzip och Versécherungszäiten aus der EU a Länner, mat deene Lëtzebuerg eng Konventioun a Saache Sozialversécherung huet, mat.
Gi Studien ugerechent?
Jo, d’Studien, déi een am Alter vun 18-27 Joer mécht, ginn als komplementar Zäiten ugerechent. Dat heescht, se hunn net esou eng grouss Valeur, wéi déi Joren, wou een abezilt, a kënne vun anere Versécherungszäite verdrängt ginn (z. B. wann ee wärend de Studien en Niewenjob huet an obligatoresch verséchert ass).
Fir d’Studienzäiten ugerechent ze kréien, muss du zu deem Moment, wou s de deng Pensiounsdemande méchs, der Pensiounskeess entweder en Diplom oder e Certificat d’études vun denger Studienzäit erareechen.
Wéi gëtt meng Pensioun gerechent?
De Montant vun der Pensioun ergëtt sech aus Majoration-for-faitairen a Majoration-proportionnellen.
D’Majoration-forfaitairë kritt een opgrond vun de Méint, déi een ugerechent kritt, an d’Majoration-proportionellen ergin sech aus de Kotisatiounen, déi een abezuelt huet.
D’Lëtzebuerger Gesetz gesäit ënner verschiddene Konditiounen eng Mindestpensioun vir.
Wat gëtt vu menger Pensioun ofgehalen?
Vun der Pensioun ginn nach e puer Montanten ofgehalen, éier s du se op däi Konto iwwerwise kriss:
- D’Kotisatioune fir d’Krankekeess
- D’Kotisatioune vun der Fleegeversécherung
- Steieren
Brauch ech eng Zousazpensioun?
Dat muss jidderee fir sech decidéieren. D’Assurancen an d’Banke bidde verschidde Produiten un. Wann dech dat intresséiert, huel dir einfach e Rendez-vous bei denger Bank oder denger Assurance, a looss der d’Produite genee erklären.