Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

ANEFORE

Europäesch Programmer an de Beräicher vun der Edukatioun
an der Jugend bidde rezent Diploméierte vill verschidde Méig-
lechkeeten:

Den Erasmus+ Programm

Är Méiglechkeeten als rezent Diploméierter

Diploméierter, déi rezent hir Beruffsausbildung oder Héich-
schoul ofgeschloss hunn an op der Sich no engem Stage an
enger Firma am Ausland sinn, kënnen iwwert den Erasmus+
Programm eng Bourse ufroen. Dës Stagen erlaben et rezenten
Diploméierte vun enger éischter Beruffserfarung am Ausland
ze profitéieren

  • muss an enger Firma stattfanne, wou d’Land een anert ass
    wéi dat wou den Diploméierte wunnt, gewunnt huet oder
    studéiert huet. Entweder an Europa oder doriwwer eraus
  • muss an deenen 12 Méint nom Secondairesofschloss, res-
    pektiv Héichschoulofschloss stattfannen
  • ka fir Diploméierter déi rezent hir Beruffsausbildung ofge-
    schloss hunn 10 Deeg bis 1 Joer daueren. Fir Héichschoul-
    diploméiert ass Dauer vum Stage tëscht 2 an 12 Méint. De
    Stage kann sech och un engem hybriden Modell orientéieren
    a mat enger virtueller Aktivitéitsperiod kombinéiert ginn.

Wann Dir als rezenten Diploméierten un engem Erasmus+
Stage intresséiert sidd, kontaktéiert Äre Lycée oder Är Héich-
schoul. D’Institutiounen déi um Programm deelhuelen, bidden
eng Erasmus+ Bourse un, déi zu Äre Rees- an Openthalts-
käschten bäidréit. Zu dësen Institutiounen ziele verschidde Ly-
céeën, Héichschoulen an d’Uni Lëtzebuerg.

De Programm Corps Européen de Solidarité

Är Méiglechkeeten: e Volontariat an Europa an doriwwer eraus

Sidd Dir net prett fir eng Aarbecht oder Studien unzefänken,
oder wëllt Dir e „Gap year“ maachen a Beruffserfarung sam-
melen? Den Europäesche Solidaritéitskorps (ESC) Programm
fërdert Engagement a Solidaritéit andeems e gratis a héich-
qualitativ Fräiwëllegendéngschter am Ausland ubitt.

  • kann individuell oder am Grupp gemaach ginn
  • gëtt an Organisatioune vum Solidaritéitssecteur gemaach,
    entweder an Europa oder doriwwer eraus
  • dauert vun 2 Woche bis 2 Méint (Gruppevolontariat) oder vun 2 bis 12 Méint fir individuell Volontariat.

Wann Dir wëllt en ESC Fräiwëllegen Déngscht maachen, musst
Dir tëscht 18 an 30 Joer al sinn a Member vum ESC sinn. Dir
kënnt Iech op folgendem Site an den ESC aschreiwen www.
youth.europa.eu/solidarity_fr . Wann Dir Iech ugemellt hutt, kritt
Dir Zougang zu enger Datebank, wou Dir no Offere kënnt sichen
oder vun interesséierten Organisatioune kontaktéiert kënnt
ginn.

 

Op d’mannst zwou Organisatioune sinn an Ärem Fräiwëllegen-
déngscht involvéiert: eng Entsendeorganisatioun zu Lëtzebu-
erg an eng „organisation d’accueil“ am Destinatiounsland. Zu
Lëtzebuerg verschécken d’Agence Nationale pour l’Information
des Jeunes (ANIJ) an de Service national de la jeunesse (SNJ)
Fräiwëlleger. Wärend Ärem Fräiwëllegendéngscht sidd Dir ver-
séchert a kritt Täschegeld. De Loyer an d’Iesskäschte ginn iw-
werholl an de Programm leescht e Bäitrag zu de Reeskäschten.

Item #1

Erklärtext

EUROPASS – Kompetenzeportfolio & Instrument fir d'Gestioun vun Ärer Karriär

Är Méiglechkeeten: valoriséiert Äre schouleschen a beruffleche Parcours

Europass ass en Ensembel vun Online-Instrumenter an -Do-
kumenter, déi Iech hëllefen, Äre liewenslaange schouleschen a
beruffleche Parcours ze geréieren. Op der Europass-Plattform
kënnt Dir Äre Kompetenzeportfolio uleeën, deen a 34 europä-
esche Länner unerkannt ass, an Informatiounen iwwer Aar-
bechtsplazen a Formatiounen a ganz Europa fannen.
Leet Iech Ären europäesche Kompetenzepass online un op
www.europass.eu, an hutt direkt Accès op Äre perséinlechen
Espace an déi sëllege Funktionalitéite fir:

  • Är Kompetenzen a Qualifikatiounen sou wéi Erfarungen ze
    beschreiwen an ze deelen
  • Ären Europass-CV automatesch aus Ärem Profil ze erstellen
  • Iwwert Är Ziler an Interessen ze reflektéieren
  • Bildungsméiglechkeeten a Job-Offeren, déi Ärem Profil ent-
    spriechen, ze consultéieren
  • Är Sprooch an digital Kompetenze selwer ze bewäerten
  • Är Kandidaturen ze geréieren.

 

Nieft dem Instrument fir Är Karriär ze geréieren, ginn déi stan-
dardiséiert Europass-Dokumenter Iech d’Méiglechkeet Är Stä-
erkten op eng vergläichbar Manéier ze weisen:

  • Europass Mobilitéits Zertifikat fir Kompetenzen, déi wärend
    enger Studie- oder Stagemobilitéit erfaasst goufen, ze be-
    schreiwen
  • De Zertifikat-Supplement beschreift d’Kompetenzen, déi
    den Titulaire vu Zertifikater sech am Kader vun der theore-
    tescher a praktescher Beruffsausbildung ugëeegent huet
  • Den Diplom-Supplement beschreift d’Kompetenzen, déi den
    Titulaire vun engem Héichschouldiplom sech ugëeegent
    huet.

 

Bei Froe kontaktéiert Anefore, den nationalen Europass-
zenter zu Lëtzebuerg. Weider Informatioune fann Dir op:
www.europass.lu

Table of Contents