Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Gap Year
-
Erasmus
-
Stage
-
Fuerschung
-
Geeschtegen Eegentum
- Articles coming soon
Beruffer a Karriären an der Forschung
Innovatiounen a kreativ Geschafftes brauchen Experten am Beräich vum geeschtegen Eegentum.
D’geeschtegt Eegentum ëmfaasst folgend Themen:
- Patenter (och Breveten genannt), fir technesch Erfindungen ze schützen déi am Beräich Recherche an Innovatioun wichteg sinn
- Marken, fir Nimm oder Logoen ze schützen, déi am Beräich Marketing wichteg sinn
- Design, fir originell Formen am industriellen oder handwierkleche Beräich ze schützen
- Droits d’auteur, fir Wierker aus dem Beräich vun der Literatur, der Musek, der moderner Konscht, der Architektur, dem Theater, dem Film, asw. an doriwwer eraus och Computer programmen ze schütze
Viraussetzung fir am Beräich vum geeschtegen Eegentum ze schaffen
D’Viraussetzung, fir am Beräich vum geeschtegen Eegentum ze schaffen ass en Ofschloss vun engem techneschen, naturwëssenschaftlechen oder juristesche Studium.
Weider gefrot si Grëndlechkeet am Schaffen, gutt redaktionell a rhetoresch Kompetenzen, souwéi analytescht Denken a Flexibilitéit fir Themen aus verschiddene Beräicher interdisziplinär ze behandelen.
Mat engem techneschen, naturwëssenschaftleche Studium …
… kann een zum Beispill Patentaffekot ginn:
Nom Studium fänkt een an engem Cabinet de conseil en pro
priété industrielle un ze schaffen. Et beréit een Entreprisen an
Erfinder iwwer Patenter, Marken an Design. Wärend dräi Joer
kann ee parallel zur Aarbecht eng Zousazausbildung beim
Europäesche Patentamt maachen, fir en Ofschloss als europä
esche Patentaffekot ze kréien.
Mat engem juristesche Studium …
… kann een, am beschte mat enger Spezialisatioun am Beräich
vum geeschtegen Eegentum, och bei engem Cabinet de conseil
en propriété industrielle schaffen, an enger Affekotenetude,
oder an enger Entreprise. Hei ass een dann zoustänneg fir déi
juristesch Aspekter (Kontrakten, Contentieuxen, asw.) vu Breve
ten, Marken, Design an Droits d’Auteur.
Wat mécht een op der Schaff?
D’Aarbecht vun engem Patentaffekot besteet doranner, Betriber iwwer Patenter ze beroden, technesch Erfindunge vum Client a Konzepter ze verfaassen an dorausser eng Patentumeldung ze maachen. Am Beruff muss ee kënne wëssenschaftlech an technesch Kenntnisser mat Kenntnisser am Patentrecht verbannen.
E.Eng Jurist.in mat enger Spezialiséierung am Beräich vum geeschtegen Eegentum beréit Clienten a juristesche Froen, déi dat geeschtegt Eegentum betreffen, e schafft z. B. Kontrakter aus.
Mat der Qualifikatioun als Avocat à la Cour kann den Affekot zousätzlech d’Rechter vu senge Clientë viru Geriicht verdeedegen.
Méi Detailer zu Beruffer, déi et zu Lëtzebuerg ginn:
Op der Internetsäit vum IPIL GIE (www.ipil.lu/fr/apprendre/metiers-pi/) fannt dir d’Fichen zu allméigleche Beruffsbiller op Franséisch an op Englesch. Den IPIL kann iech och méi detailléiert Informatioune ginn an iech gegebenenfalls weider Kontakter zu Spezialiste ginn.
Am Ausland
- Patentpréifer beim Europäesche Patentamt (München oder Den Haag) oder
- Markepréifer beim BeNeLux-Amt fir d’geeschtegt Eegentum (BOIP zu den Haag) oder beim Europäeschen Amt fir d’geeschtegt Eegentum (EUIPO zu Alicante)
- Als Marken- oder Patentpréifer iwwerpréift een all Dag déi allerneist kreativ an technesch usprochsvoll Innovatiounen, déi een deelweis eréischt Joren duerno um Marché als Produit oder Service gesäit.