Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Dei eiecht Schrëtt a Richtung Chercheur A RICHTUNG CHERCHEUR – FNR

Du bass u Fuerschung interesséiert? Du wëlls nei Sachen entdecken, neit Wëssen schaafen? Du bass passionnéiert iwwert eng bestëmmten Thematik? Dann ass en Doktorat dat Richtegt fir dech. En Doktorat dauert an der Reegel 3-4 Joer, während deenen een un engem wëssenschaftlechen Thema schafft, ënnert der Leedung vun engem erfuerenen Fuerscher (Supervisor). Um Enn gëtt dat neit Wëssen an enger Dokterthees zesummegeschriwwen a bewäert.

En Doktorat ass e langzäitegen Engagement a soll gutt iwwerluecht sinn. Beim Choix vun der Dokteraarbecht soll ee sech ni op eng eenzeg Recommandatioun baséieren. Vill Studente:inne froen hir Professeren ëm Rot, wéi eng Recherche-Aarbecht se wiele sollen. Esou een Avis ass natierlech wichteg, mee fir de Choix vun der Dokteraarbecht an der spéiderer Carrière soll ee sech op alle Fall och nach op anere Plazen informéieren, wéi zum Beispill um Internet, op de sozialen Netzwierker, oder bei aneren Doktorand:innen, déi schonns eng gewëssen Erfarung an dësem Beräich gesammelt hunn. Eier een sech op en Thema festleet ass et ugeroden sech d’Fachliteratur unzekucken an sech e Bild ze maachen iwwert aktuell Fuerschungsfroen a dësem Beräich an iwwert die international Fuerschungsakteuren di doru schaffen.

Wie muss ech kontaktéiren?

D’europäesch Associatioun Eurodoc (www.eurodoc.net/eurodoc-members) huet national Memberassociatiounen an de meeschten EU-Länner. An dëse Reseaue vun den Doktorand:innen fënnt ee vill Informatiounen zur Recherche a si maachen engem d’Dieren op, wat Kontakter an der Recherche ugeet. LUXDOC ass déi lëtzebuergesch Memberassociatioun vun Eurodoc (luxdoc.uni.lu/). Et ass och gutt, am Viraus bei senger Universitéit nozefroen, well si sécherlech Kontakter an hirem internationalen akademesche Reseau huet, mat deenen si dech a Verbindung brénge kann.

Déi verschidde Méiglechkeeten, fir e Posten an der Recherche ze fannen

„Euraxess” ass en internationale Reseau, dee vill Informatioune fir jonk Chercheure bitt. Dëse Portal proposéiert Chercheursposten a Bourssen oder Financementprogrammer fir déi verschidden europäesch Länner: euraxess.ec.europa.eu/

Finanziell Ënnerstëtzung während dem Dokorat?

Verschidden Doktorandenposten gin ugebueden mat engem Finanzement vun 3-4 Joer, a Form vun enger Bourse oder als Arbechtsvertrag. Fir aner Doktoratsprojeten muss de Finanzement fir d’éischt nach ugefrot gin.

Fir en Doktorat zu Lëtzebuerg kann een sech bei der Uni.lu (www.uni.lu), oder an enger vun den ëffenlech Fuerschungsinstitutiounen, wéi dem LIST (www.list.lu), dem LIH (www.lih.lu) oder dem LISER (www.liser.lu/) bewerben. All Doktoranteposten zu Lëtzebuerg sinn publizéiert ënnert der Sektioun „Jobs“ op dem Site vun Euraxess Lëtzebuerg (www.euraxess.lu). Allgemeng Informatiounen iwwert den Doktorat zu Lëtzebuerg fënnt een och um Site vun Research Luxembourg (www.researchluxembourg.lu)

De Fonds National de la Recherche offréiert all Joer individuell finanziell Ennerstëtzung fir eng limitéiert Unzuel vun Doktoranden iwwert folgend Programmer:

  • „AFR Individual“ fir en Doktorat zu Lëtzebuerg di en Doktorat am Ausland wëllen maachen
  • „Industrial Fellowships“, fir en Doktorat an Zesummenaar-bescht mat enger Entreprise zu Lëtzebuerg.

Dës verschidde Méiglechkeeten, fir säin Doktorat ze finanzéiere sinn natierlech jeeweils u spezifesch Konditioune gebonnen. Du fënns dës um Site vum FNR (www.fnr.lu), ënnert der Rubrik „Funding Instruments“ (www.fnr.lu/funding/). Reegelméisseg Informatiounen zu den Appeller ginn et och an der FNR News-letter an an de soziale Medien vum FNR (FB, Twitter, Instagram a Linkedin).

Wat fir Precautioune muss ech huelen?

Fir dei spéider Carrière ass et interessant; en Doktorat ze sichen an engem Domaine, an deem et nach vill Nofro vun der Industrie gëtt, wéi zum Beispill an de STEM-Domainer (Wëssenschaft, Technologie, Ingenierie a Mathematik). Et ass ëmmer gutt e Choix ze treffen, deen dech aus der Mass eraushiewewäert. Et ginn och ëmmer méi interdisziplinär Rechercheprogrammer, ugebueden. Déi brénge spannend Opportunitéite fir Neiheeten z’entdecken, mee kënnen awer och Aschränkunge fir deng spéider Carrièresentwécklung mat sech bréngen, zumools wann een an der akademescher Fuerschung well bleiwen.

En Doktorat soll net méi wéi 4 Joer daueren (Défense vun der These inclus). Hei ass et wichteg, dass du an där Zäit eng gutt Relatioun souwuel mam Superviseur ewéi och mat den Aarbechtskollegen häls an deem s du mat hinnen a reegelméissegem Kontakt bleifs. Et wier och gutt, wann s du géings envisagéieren, déi eng oder aner Artikelen an den relevanten Fachzeitungen ze verëffentlechen. Probéier och, duerch wëssenschaftlech Reseauen eng gewësse Visibilitéit ze erreechen, zum Beispill duerch d‘Präsentatioun vun denger Aarbecht op wëssenschaftleche Konferenzen, duerch wëssenschaftlech Präisser an duerch Evaluatiouns- oder Editiounsaarbechten, an eng gewëssen Experienz am universitären Enseignement ze kréien, ouni däi Projet aus den Aen ze verléieren.

Zu gudder lescht, envisagéier och net-wëssenschaftlech Formatiounen en vue vun denger zukünfteger Carrière (z.Bsp. Project Management, Kommunikatioun,etc.) Je no Méiglechkeet wier et och sënnvoll e Stage wärend dem Doktorat ze maachen, fir deng Perspektiven ausserhalb vum Secteur vun der akademescher Fuerschung ze erhéijen.

Allgemeng ass et nach interessant ze wëssen:

  • dass all Doktorand:innen zu Lëtzebuerg (an déi meescht vum FNR finanzéiert am Ausland) en Aarbechtsvertrag hun an domat sozial ofgeséchert sinn wärend hirer Dokteraarbecht (z.Bsp. och Urecht hunn op Congé de maternité/Congé parental)
  • dass Doktorand:innen zu a vu Lëtzebuerg och Urecht op die staatlech Studienbäihëlleg vum Héichschoulministère hunn.

Iwwerschreft 5

Erklärtext

Table of Contents