Publikatiounen

Guide du Futur Étudiant

D’Studentencercelen informéieren dech iwwert ugebuede Fächer, Umellungsfristen, d’Adresse vun den Universitéiten, gutt Restauranten, Caféen a villes méi. Bei weiderer Froe fann dir bei all Stad eng Kontaktpersoun déi gären op är Froen äntwerte wäert.

Guide du Futur Diplômé

Du bass grad fäerdeg ginn mam Lycée, du hues eng Leier ofgeschloss oder kenns frësch vun der Uni? Dann ass de „Guide du Futur Diplômé“ genau déi Hëllef déi´s du brauchs!

De Bob

De Bob ass eise Best of Blog, hie kënnt eemol d'Joer eraus, hei sinn déi beschten Artikele vun eisem Blog schéin zesummegefaasst an enger klenger Broschür.

Zoom

Dës Zeitungsbäilach kënnt eemol am Joer fir d’Foire de l’Etudiant am November eraus an ass gratis erhältlech fir jiddereen, deen um Studentedosin interesséiert ass. Se gëtt komplett vu Studente verfaasst déi iwwert hier Erfahrungen a Projeten schreiwen.

D'ACEL stellt sech vir

Du weess net wat d'ACEL genau mëscht? Dann ass dat hei dat richtegt fir dech. Eng Kleng Informatiounsbrochure wou d'ACEL a seng verschidde Pilieren kuerz a knapp virgestallt gëtt.

HowTo Studiebäihëllef

Wéi vill Suen hunn ech lo als Student ze gutt? Wéi ee Formular muss ech huelen a wou fannen ech deen? RIB? "Rest in B...", wat soll dat sinn? Déi, an nach vill aner Froe ginn an dësem HowTo gekläert.

Lidderbuch

Déi nei Editioun vun eisem Lidderbuch kënnt mat 75 Lidder op 164 Säiten. Du kriss et op der REEL, op der Foire de l'Etudiant an op Ufro bäi eis. Nieft der App fir den iPhone kanns du d'Lidderbuch elo och als PDF eroflueden.

Studentekachbuch

24 Cercle hunn zesumme mat der ACEL ee Kachbuch erausbruecht. All Cercle huet ee Rezept erageschéckt wat typesch fir seng Stad oder Regioun ass. D’ACEL huet dann de ganze Layout gemaach an och nach een eegent Re- zept dobäi gesat. Dobäi ass och drop opgepasst ginn, dass déi eenzel Rezepter einfach nozemaache sinn an och Studenten sech un de Rezepter versiche kënnen.

30 Joer ACEL: e Réck- an Ausbléck

Mat 30 Joer ass d'ACEL well al ginn. Wat op dem Wee dohin alles geschitt ass, wéi d'ACEL zu dem ginn ass wat se haut ass an eng Rei Anekdote gëtt een an dëser Brochure gewuer.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.