D’REEL ass zënter 1984 (ugefaang zu Karlsruhe) de wichtegsten alljährlechen Austausch fir Lëtzebuerger Studenten an Europa. All Joer treffen sech ronn 120 Participanten wärend 4 Deeg an enger neier Universitéitsstad. An dëser Chronik si sämtlech Stied mat hiren Theemen zesummegestallt, déi sech am Laf vun de Jore d’Entwécklung vun de politeschen Debatten op Lëtzebuerger Politik geprägt hunn.
REEL-Chronik
Joergang
- 2025
- 2024
- 2023
- 2022
- 2021
- 2020
- 2019
- 2018
- 2017
- 2016
- 2015
- 2014
- 2013
- 2012
- 2011
- 2010
- 2009
- 2008
- 2007
- 2006
- 2005
- 2004
- 2003
- 2002
- 2001
- 2000
- 1999
- 1998
- 1997
- 1996
- 1995
- 1994
- 1993
- 1992
- 1991
- 1990
- 1989
- 1988
- 1987
- 1986
- 1984
![]() |
|
| Stad | Stroossbuerg |
| Datum | 18. bis 21. September 2025 |
| Theemen |
Prix flambants et retraites en danger : un avenir prospère, est-il toujours possible au Luxembourg? |
| President:in | Ben Moes |
| Haaptpunkten fir d’ACEL | WORKSHOPS:
TABLE RONDE:
|
![]() |
|
| Stad | Köln |
| Datum | 19. bis 22. September 2024 |
| Theemen |
Zukunft gestalten: Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung |
| President:in | Sophie Mangen |
| Haaptpunkten fir d’ACEL | WORKSHOPS:
TABLE RONDE:
|
![]() |
|
| Stad | Innsbruck |
| Datum | 21. bis 24. September 2023 |
| Theemen |
Interoperabilitéit – Europaiwwergréifend Komptabilitéit |
| President:in | Carlo Glod |
| Haaptpunkten fir d’ACEL | WORKSHOPS:
TABLE RONDE:
|
![]() |
|
| Stad | Heidelberg & Karlsruhe |
| Datum | 29. September bis 2. Oktober 2022 |
| Theemen |
Bachelor-Inflatioun – Wat ass mäin Diplom nach wäert? |
| President:in | Sam Olinger |
| Haaptpunkten fir d’ACEL | D’Thema vun der Table ronde war d’Bachelorinflatioun an doriwwer hunn eis Invitéen, den Här Minister Claude Meisch, den Här Minister Georges Engel, d’Madamm Deputéiert Martine Hansen, den Directeur adjoint vun der CSL Carlo Frising an ech, Polina Bashlay Presidentin vun der ACEL, debattéiert. An der Debatt war et der ACEL wichteg ze ënnersträichen, dass een Diplom net méi ausschliisslech dat ass wat zielt, mee dass Softskills vun engem Student méi an de Fokus geroden an dass Lëtzebuerg déi aussergewéinlech Studienweeër wéi zum Beispill virum Studium den Diplom+ ze maachen, mat engem BTS ufänken, Stagen ze maachen, weiderhin ënnerstëtze muss. |
![]() |
|
| Stad | München |
| Datum | 7. bis 10. Oktober 2021 |
| Theemen |
Mam Studium fäerdeg, an elo? Lëtzebuerg oder d’Welt? |
| President:in | Sven Bettendorf |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Wéi gëtt de Standuert Lëtzebuerg méi attraktiv fir Studéirender déi hier ganz Uni Zäit am Ausland verbruecht hunn. Wat bitt Lëtzebuerg fir Méiglechkeeten am Verglach zum Ausland? |
![]() |
|
| Stad | München |
| Datum | annuléiert wéinst der COVID-19-Pandemie |
| Theemen |
35 Joer Schengen, alles perfekt? – Erausfuerderungen a Problemer fir Studenten an engem vereenegten Europa |
| President:in | Max Closener |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Déi richteg REEL zu München ass 2020 leider ofgesot ginn a sollt da Joer drop zu München nogeholl ginn. Als Ersatz gouf et den ACEL meets Politics mam änlechen Thema wei déi initial REEL „Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?“ Eng Table Ronde mam Nicolas Schmit, Charel Goerens, Viviane Reding, Karine Basenach a mir, Sven Bettendorf als President vun der ACEL. Et sollt sech em déi Ongerechtegkeeten tëschent de Studenten an Europa dréinen, dorënner Zielen ënner anerem GIS an Éisträich oder d’Problematik vun der KFZ-Stéier an Däitschland. |
![]() |
|
| Stad | Oochen |
| Datum | 3. bis 6. Oktober 2019 |
| Theemen |
Auswirkungen des wirtschaftlichen und gesellschaftlichen Drucks auf den akademischen Werdegang |
| President:in | Annick Hoffmann |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Informatioun vun zukünftege Studenten, ewéi kënne mir se preparéiren, dass si de Studium NET ofbriechen, respektiv schonn éischter de richtege Wee an der Schoul aschloen. |
![]() |
|
| Stad | Bréissel |
| Datum | 20. bis 23. September 2018 |
| Theemen |
Étudiant 4.0: Digitalisation du monde professionnel – Défis et opportunités |
| President:in | Theo Biewer |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’ACEL hat grad e puer wichteg Dossieren hannert sech (ënner anerem Stagegesetz) a wousst net esou richteg wat se als Thema fir d’REEL soll huelen. Digitaliséierung klengt dach net schlecht hunn déi zwee Comitéen sech geduecht an den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister op d’REEL invitéiert. Voll gepaakt mat Gadgeten aus dem Nation Branding an der ganz nei gegrënnter Luxembourg Space Agency ass den Här Schneider natierlech gären op d’REEL komm fir iwwert Deep Space Mining ze philosophéieren. D’REEL zu Bréissel war net all ze laang no den Attentater zu Bréissel an den REEL Comité duecht sech et wier dach flott een Hostel no um Molenbeek ze sichen. Kuerz ier de Rallye sollt ugoen ass dunn och de ganzen Timing dunn e bëssen op Kopp geheit gi wéinst engem Anti-Terror Asaz e puer Stroossen nieft dem Hostel. |
![]() |
|
| Stad | Köln & Bonn |
| Datum | 21. bis 24. September 2017 |
| Theemen |
Beziehungsstatus: Es ist kompliziert! Die Beziehung zwischen Arbeitgeber und zukünftigem Arbeitnehmer |
| President:in | Jeff Diderrich |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Den Haaptpunkt fir d’ACEL op der REEL war d’Stagegesetz. Dëst huet gutt gepasst bei d’Thema vun der Bezéiung zwëscht dem Arbeitgeber an dem Arbeitnehmer. Nieft engem Diskurs vum deemolegen Aarbechtsminister Nicholas Schmit ass et Mëttes op enger Table Ronde mat dem Thema weidergaang. Dobäi gouf och iwwert d’Orientéierung vun de Schüler a Studenten diskutéiert. Un dëser hunn deelgeholl den deemolegen Héichschoulminister Marc Hansen, Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser, den Tom Baumert vun der Chambre de Commerce, de Marco Wagener vun der Chambre des Salariés an de Charel Muller als ACELs-Präsident. Moderéiert gouf dës spannend Table Ronde vum Pit Everling vum RTL. |
![]() |
|
| Stad | Kaiserslautern |
| Datum | 6. bis 9. Oktober 2016 |
| Theemen |
D‘Aussiichte vum Akademiker nom Studium |
| President:in | Charel Roemen |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D‘Haaptthema war dëst Joer den Iwwergang vum Studenten- an d‘Aarbechtsliewen, mat alle Schwieregkeeten déi et ka ginn. Vun politescher Säit hate mer mam Marc Hansen an dem Etienne Schneider direkt 2 Persoune mat dobäi. Sou huet den Här Schneider virun allem iwwert d‘Ekonomesch Situatioun vu Lëtzebuerg an seng International Roll geschwat. Gefeiert ass natierlech och ginn, ouni an awer och mam Minister Schneider, ass et op enger Bad Taste Party, der Soirée Publique an dem Gala Dinner am Kongresszentrum Frankenthal héich hier gaangen. |
![]() |
|
| Stad | Tréier |
| Datum | 15. bis 18. Oktober 2015 |
| Theemen |
Die Hochschulreform Bologna: Ein Erfolgskonzept? |
| President:in | Ben Greiveldinger |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Den Dauerbrenner Aide financière war och dëst Joer erëm Thema vum politeschen Debat op der REEL. No der Reform huet d’ACEL nach Nobesserungsbedarf gesinn, De Marc Hansen als Vertrieder vum Ministère wollt sech an dësem Punkt awer nach bedeckt halen. E puer Wochen no der REEL ass de Ministère de Fuerderunge vun der ACEL allerdéngs nokomm. |
![]() |
|
| Stad | München |
| Datum | 16. bis 19. Oktober 2015 |
| Theemen |
Selbstbestimmung der Universitäten – inwiefern von der Wirtschaft beeinflusst? |
| President:in | Marie-Paule Even |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Wéi gewinnt huet d’ACEL dräi Workshopen organiséiert. Themen op der REEL München woren d’Bild vum Student zu Lëtzebuerg, déi gesetzlech verankert Studentevertriedung an eng Diskussioun iwwert d’Beruffswelt an de Beruffsastieg zu Lëtzebuerg. Um Débat mam Minister Claude Meisch gouf nach emol de Point zur reforméierter Aide financière gemeet. Den Haaptpunkt wor awer d’Diskussioun iwwert eng gesetzlech verankert Studentevertriedung. |
![]() |
|
| Stad | Stroossbuerg |
| Datum | 17. bis 20. Oktober 2013 |
| Theemen |
La Recherche européenne – un investissement dans le futur? |
| President:in | Christophe Mossong |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Well d’Uni Lëtzebuerg dee selwechte Weekend 10 Joer gefeiert huet, konnt d’Ministesch Martine Hansen leider just kuerz Freides un der REEL deelhuelen an de Studenten hir Iddi fir d’Zukunft vun der Aide financière kuerz virstellen. Samschdes gouf et dunn, wéinst de Walen, déi eng Woch drop stattfonnt hunn, e politeschen Débat mat Vertrieder vun den eenzelne Parteien. Sou konnten d’Studenten sech e Bild dovunner maachen, wéi déi eenzel Parteien zu de studentenpolitesche Froen stungen. Während der Journée officielle hat d’REEL dunn déi grouss Éier den Ierfgroussherzog Guillaume an seng Fra Stéphanie zu Stroossbuerg ze begéinen. Während dem Mëttegiessen huet déi ierfgroussherzoglech Koppel den Tour vun den eenzelnen Dëscher gemeet, fir an engem labbere Kader d’Delegatiounen vun den eenzelne Studentecerclen kennen ze léieren. |
![]() |
|
| Stad | Oochen |
| Datum | 11. bis 14. Oktober 2012 |
| Theemen |
Technischer Fortschritt: Von der Wissenschaft getrieben, von der Gesellschaft gebremst? |
| President:in | Eric Gonderinger |
| Haaptpunkten fir d’ACEL | Op der REEL 2012 war ee vun den Haaptgespréichsthemen de ”Processus de Bologne”. D’ACEL huet réckbléckend op 10 Joer Bolognaprozess e Bilan gezunn, zesumme mat de REELaner an den Invitéen. Och d’Schoulreform koum op d’Tapéit. Hei gouf ausgeschafft, wéi eng Ufuerderungen et un déi zukënfteg Studente ginn a wéi een de Schoulsystem zu Lëtzebuerg am beschten un dës Ufuerderungen upassen kann. |
![]() |
|
| Stad | Bréissel |
| Datum | 13. bis 16. Oktober 2011 |
| Theemen | Esprit libre, esprit européen |
| President:in | Tom Loehr |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’Haaptthema op der REEL fir d’ACEL war d’Orientatioun an d’Informatioun vun de Schüler a Studenten, wéi och d’Evaluation vun den Impakter vun der Aide financière (Gesetz 2010). En anert Thema op dëser REEL war d’Delegation estudiantine, déi eng legitim Vertriedung op der Uni.lu sollt duerstellen. Dës gëtt et iwweregens ëmmer nach net (Projet de loi N°6283). |
![]() |
|
| Stad | Zürich |
| Datum | 14. bis 17. Oktober 2010 |
| Theemen |
Enfin diplômé(e), seulement où aller ? |
| President:in | Jules Petit |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’REEL war fir d’ACEL zimlech nervenopreiwend ginn. Eng Woch virun der REEL hat den Här Minister Biltgen aus gesondheetleche, awer och perséinleche Grënn entschloss, net op d’REEL ze kommen an d’Directrice vum CEDIES, Dominique Faber, op Zürich laanscht ze schécken. Dëst war fir d’REELaner, déi sech op een aktiven Debat mam Héichschoulminister gefreet haten, eng Enttäuschung. Trotzdem hunn d’ACEL an d’REELaner hir gesammelt Fuerderungen a Resultater aus de Workshopen der Directrice virgedroen. Mëttes hat d’ACEL dann hiren zweeten Débat mat der Schoulministesch Mady Delvaux-Stehres, déi sech d’Fuerderunge vun de Studente fir d’Reform vum Secondaire genee ugelauschtert hat. |
![]() |
|
| Stad | Karlsruhe |
| Datum | 15. bis 18. Oktober 2009 |
| Theemen |
La REEL, les acquisitions d’un esprit critique depuis 25 ans |
| President:in | Céline Reichel |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’REEL wor 2009 fir d’ACEL ee ganz speziellen Event. Op eisem Débat Moies hate mir zousätzlech zum Héichschoulminister och nach den Aarbechtsminister agelueden, fir mat him de Studenten hir Ängscht driwwer keng Plaz, mee och kee Stage ze fannen, ze beschwätzen. Donieft stoung d’REEL ganz ënner dem Sujet vum 25. Anniversaire, mat engem groussen Débat mat fréieren ACEL- a REEL-Leit. |
![]() |
|
| Stad | Paräis |
| Datum | 16. bis 19. Oktober 2008 |
| Theemen |
Le Luxembourg face au défi de la mondialisation |
| President:in | Danièle Buchler |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’REEL war fir d’ACEL zimlech nervenopreiwend ginn. Eng Woch virun der REEL hat den Här Minister Biltgen aus gesondheetleche, awer och perséinleche Grënn entschloss, net op d’REEL ze kommen an d’Directrice vum CEDIES, Dominique Faber, op Zürich laanscht ze schécken. Dëst war fir d’REELaner, déi sech op een aktiven Debat mam Héichschoulminister gefreet haten, eng Enttäuschung. Trotzdem hunn d’ACEL an d’REELaner hir gesammelt Fuerderungen a Resultater aus de Workshopen der Directrice virgedroen. Mëttes hat d’ACEL dann hiren zweeten Débat mat der Schoulministesch Mady Delvaux-Stehres, déi sech d’Fuerderunge vun de Studente fir d’Reform vum Secondaire genee ugelauschtert hat. |
![]() |
|
| Stad | München |
| Datum | 11. bis 14. Oktober 2007 |
| Theemen |
Die Zukunft des Hochleistungssports in Luxemburg |
| President:in | Pit Gloden |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Leider wor et nach ëmmer d’Unerkennung vun den LMD-Diplomer (Licence oder Bachelor-Master-Doktorat) zu Lëtzebuerg a besonnesch beim Staat. No sengem Kopplabunz (oder Judorolle) ass den deemolegen Héichschoulminister François Biltgen zum Mister REEL gewielt ginn, eng Nominatioun déi sécher nach haut eng Eiereplaatz op sengem CV anhëlt. |
![]() |
|
| Stad | Stroossbuerg |
| Datum | 19. bis 22. Oktober 2006 |
| Theemen |
Studenten a Kultur, Studentebal a Comitéthéik |
| President:in | Olivier Schroeder |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Wéi schonn ugeschwat, war de ”5611” e wichtege Punkt am Débat mat der Madame Staatssekretärin Octavie Modert, déi d’Regierung op der REEL zu Stroossbuerg vertrueden hat. E wichtegt Thema war awer och d’Mobilitéit vun de Studenten duerch Europa. Déi belsch Regierung hat Aschränkunge fir verschidde Studiegäng decidéiert a mir hunn eis Regierung opgeruff, alles ze maachen, fir d’Mobilitéit vun de Studente weiderhin ze garantéieren. En anere, méi formelle Punkt fir ofzeschléissen: säit 2006 besteet eng REEL ASBL. Vum Organisatiounscomité vun der ALUS (Stroossbuerger Studenten) an d’Liewe geruff, soll dës ASBL d’Organisatioun vun de REELen op administrativem Plang vereinfachen an d’Institutioun REEL stäerken. |
![]() |
|
| Stad | Oochen |
| Datum | 21. bis 24. Oktober 2005 |
| Theemen |
Energietechnik im 21. Jahrhundert und die Verantwortung der Politik |
| President:in | Guy Lux |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’Uni Lëtzebuerg an d’Studiengebühre goufen ënnert anerem mam Héichschoulminister François Biltgen diskutéiert. En anert grousst Thema wor de Bologna-Prozess (Harmoniséierung vun den Héichschouldiplomer an Europa) a seng Auswierkungen op de System vun der Aide financière. Deemools gouf vum Minister eng Upassung a Reform an Aussiicht gestallt, déi an där Form sech awer ni konkretiséiert huet. |
![]() |
|
| Stad | Lausanne |
| Datum | 28. bis 31. Oktober 2004 |
| Theemen |
Les défis de la Suisse et du Luxembourg face à l’Europe et la mondialisation |
| President:in | Bob Lamboray |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’REEL zu Lausanne wor fir d’ACEL d’Geleeënheet den neien Héichschoulminister François Biltgen kennen ze léieren. Dësen huet no de Walen 2004 d’Erna Hennicot-Schoepges ofgeléist. Ee vun den Haaptpunkte vum Débat mam Minister wor d’Entwécklung vun der jonker Uni Lëtzebuerg. Donieft goufen d’Orientatioun an d’Informatioun vun de Schüler, Stéchwuert Studieninformatioun, ugeschwat. |
![]() |
|
| Stad | Tréier |
| Datum | 16. bis 19. Oktober 2003 |
| Theemen |
D’Uni Lëtzebuerg, Statut vum Student zu Lëtzebuerg |
| President:in | Michèle Nothum |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Wéi schonn am Ufank vum Joer wor och op der REEL d’Uni Lëtzebuerg eent vun den Haaptthemen, déi mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges diskutéiert goufen. Et wor wéi gewinnt e konstruktiven Austausch. Mat der Arrivée vun der Uni koum och d’Fro vum Statut vum Student zu Lëtzebuerg op den Dësch. |
![]() |
|
| Stad | Bréissel |
| Datum | 16. bis 20. Oktober 2002 |
| Theemen |
Europa fir unzepaken, e Bléck hannert d’Kulisse vun Europa, d’Unerkennung vun den Diplomer beim Staat |
| President:in | Eric Bosseler |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Am Oktober wor déi 18. Editioun vun der REEL zu Bréissel. Während 5 Deeg sinn eng Rei kulturell Visite gemaach ginn, et ass gefeiert ginn an et ass awer och geschafft ginn. D’ACEL huet op der REEL Workshops organiséiert, wou d’Relatioun tëscht der ACEL an hire Cerclen diskutéiert sollt ginn. Ee weidert Thema wor d’Unerkennung vun den Héichschouldiplomer duerch de Staat fir d’Carrière supérieure. |
![]() |
|
| Stad | München |
| Datum | 25. bis 28. Oktober 2001 |
| Theemen | Gentechnologie eine Büchse der Pandora? Uni Luxemburg, doch nur eine Vision? |
| President:in | André Mehlen |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’Uni Lëtzebuerg wor ee vun den Haaptdossieren, déi mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges diskutéiert goufen. D’Orientation scolaire et professionnelle wor en aneren Dossier, deen ugeschwat gouf. Zeréck ze behalen ass och nach, datt op dëser REEL eng éischte Kéier e Mister an eng Miss gewielt goufen. D’Iwwerraschung wor perfekt, nodeems d’Ministesch als éischte Miss REEL an d’Geschichtsbicher vun ACEL a REEL agaangen ass. |
![]() |
|
| Stad | Zürich |
| Datum | 9. bis 12. November 2000 |
| Theemen |
Die Zukunft – Gewinn oder Verlust der individuellen Freiheit, Ökonomie und Finanzen, Kommunikation, Gentechnologie |
| President:in | Christian Cortina |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Am Juni 2000 gouf dat neit Gesetz iwwert d’Aide financière vun der Chamber ugeholl. Dëse neien Text gouf vun der ACEL aktiv mat preparéiert. Mee och nom Vote woren Diskussioune nach net eriwwer. Op der REEL gouf mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges en Débat iwwert den Zënssaz vun der Aide financière gefouert. Den Zënssaz sollt, wéi d’Banken et wollten, no uewen ugepasst ginn. Schlussendlech gouf festgehalen, datt de Staat d’Differenz vum reellen Zëns an dem festgesaten Zënssaz vun 2% iwwerhëllt. Donieft ass op der REEL en Accord ënnerschriwwe gi, fir d’Amicale vun der ACEL, kuerz aACEL, ze grënnen. |
![]() |
|
| Stad | Karlsruhe |
| Datum | 23. bis 26. November 1999 |
| Theemen |
BTB, études du 2e et du 3e cycle, Fin d’études ouni Aarbecht, d’Aide financière |
| President:in | Martine Schummer |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Am Kader vum 15. Anniversaire vun der ACEL ass d’REEL bei seng Wuerzelen op Karlsruhe zeréck komm. Wéi sou dacks am Laf vun de Joeren wor d’Aide financière ee vun den Haaptpunkten, déi mat der deemoleger Ministesch Erna Hennicot-Schoepges diskutéiert goufen. D’Reform vun der Aide financière, déi vun Ufank un vun der ACEL begleet gouf, ass finalement am Joer 2000 vun der Chamber gestëmmt ginn. |
![]() |
|
| Stad | Wien |
| Datum | 23. bis 27. Oktober 1998 |
| Theemen |
Universität der Zukunft, Fuerschung, europäesch Bildungssystemer, Virstellungsgespréicher, Studiengebühren vs. Numerus Clausus, Fernstudium |
| President:in | Misch Pfeiffer |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’Reform vun der Aide financière an d’Zesummeschweesse vun allen Cerclen woren déi grouss ACEL-Themen op dëser REEL. Wat d’Aide financière ubelaangt, konnte wichteg Punkte vum Gesetz ergänzt, gestrach oder ëmgeännert ginn. Dëst war nëmmen als gemeinsam staark Equipe méiglech an et kann op eng gutt Zesummenaarbecht an en oppent Ouer vun der deemoleger Ministesch Erna Hennicot-Schoeppges higewise ginn, déi der ACEL stets déi néideg Opmierksamkeet geschenkt huet. |
![]() |
|
| Stad | Köln & Oochen |
| Datum | 15. bis 18. November 1997 |
| Theemen |
D’Zukunft vun der Industrie an dem Finanzmarché zu Lëtzebuerg, d’Wëssenschaft am Zäitalter vum Multimedia an d’Benotzung vun neien Energiequellen |
| President:in | Claudine Muller & Michel Arsone |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Wéi schonn ugedeit gouf et 1997 e richtege Reformstau an de studentepoliteschen Dossieren zu Lëtzebuerg. Op der REEL gouf d’Ministesch Erna Hennicot-Schoepges dann och net geschount an d’ACEL huet der Regierung eng ganz Rei un Revendikatioune mat op de Wee ginn. Dorënner wor déi dréngend Reform vun der Aide financière. Deen Text huet der ACEL no den deemolege Realitéiten net méi entsprach. D’Ënnerstëtzung fir d’Studente vum 3e Cycle, d’Studentewunnengen, d’Reform vum Stage pédagogique an d’Orientatioun vun de Schüler wore weider Punkten aus dem Fuerderungskatalog vun der ACEL. |
![]() |
|
| Stad | Manchester |
| Datum | 8. bis 13. November 1996 |
| Theemen |
Commercial and legal aspects of the Internet, Britain and Luxembourg in the European Union, d’Orientatioun am 2. an am 3. Unizyklus, Collaboration ACEL-UNEL |
| President:in | Georges Hilbert |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Den Internet huet eng ëmmer méi wichteg Roll an der Gesellschaft gespillt. Op dëser REEL hunn mir eis d’Fro gestallt wat fir eng Verännerungen dës Technologie op d’Liewe vum Student géif hunn. Mir hunn eis och gefrot wat fir eng nei Opportunitéite géifen entsoen a wéi déi kéinte genotzt ginn. Beispiller waren eng verbessert Kommunikatioun tëscht de Cerclen an der ACEL iwwert den Internet awer och tëscht den Elteren an de Studenten. Och hei war den 3e cycle nees en Thema. Dacks ass sou een Diplom zu Lëtzebuerg nach net unerkannt ginn oder war gänzlech onbekannt. D’Orientatioun vun der Studente sollt och duerch eng méi Informatioun fir d’Studente verbessert ginn. De CPOS war an där Hinsicht nach net gutt opgestallt an wichteg Informatiounen iwwert en 3. Cycle ware rar geséint. |
![]() |
|
| Stad |
Montpellier & Aix-en-Provence |
| Datum | 22. bis 27. November 1995 |
| Theemen |
Le statut de l’artiste / centre d’art contemporain «PEI», Nuklearenergie, d’Situatioun vum Student no den Studien, Homosexualitéit, Ofdreiwung, AIDS |
| President:in | Manon Gantenbein |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’wirtschaftlech Landschaft huet sech an de 90er Joeren zu Lëtzebuerg grondleeënd verännert. Dee Wandel huet deemno och nei Uspréch un de Student a generell un den Educatiounssystem zu Lëtzebuerg gestallt. Wichteg war et fir d’ACEL datt dës Themen op der REEL zur Sprooch komm sinn. Enner anerem hunn d’REELaner no Méiglechkeete gesicht fir de Student bei der Orientatioun ze hellefen an awer och d’Fro gestallt op d’Informatioun vum Student no de Studien net sollt verbessert ginn. Och d’Nuklearenergie war als en méi breeden Débat en Thema op den Diskussiounsronne vun der REEL 1995. |
![]() |
|
| Stad | Lëtzebuerg |
| Datum | 27. bis 29. Oktober 1994 |
| Theemen |
Europa an d’Europaparlament, Mënschenrechter, Entreprisë mam Recrutement vum Personal, Bourse 3ème cycle, Wunnraum fir Studenten, d’Reform vum Stage pédagogique |
| President:in | onbekannt |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Eng REEL zu Lëtzebuerg wor eng Erausfuerderung. Verschidden albekannten Dossiere wéi verschidden Aspekter vun der Aide financière, d’Studentewunnengen an och déi zukënfteg Uni Lëtzebuerg koumen op den Dësch |
![]() |
|
| Stad | Stroossbuerg |
| Datum | 24. bis 28. November 1993 |
| Theemen |
Standuert Lëtzebuerg a seng Zukunft |
| President:in | Maurice Bauer |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Wéi schonn ugedeit, wor d’Aide financière ee vun den Haaptdossieren vun 1993. Op der REEL gouf dëst Thema dann och mat de Vertrieder vun den eenzelne Cerclen an de Vertrieder vum Educatiounsministère diskutéiert. |
![]() |
|
| Stad | Innsbruck |
| Datum | 11. bis 15. November 1992 |
| Theemen |
Die Integration Österreichs, der Länder Zentral- und Osteuropas in die EG |
| President:in | Laurence Feider |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
D’REEL zu Innsbruck stoung ënnert kengem gudde Stär, well den ACEL’s-Comité bei der Wiel am Dezember eng Virléift fir Bréissel hat. E puer Leit aus dem Innsbrucker Organisatiounscomité haten sech doropshi virgeholl, alles méigleches ze maachen, fir d’ACEL ze blaméieren, an dee ganze Merite vun der REEL op sech ze halen. Dat ass schliisslech net gelongen : d’ACEL huet den Innsbrucker d’Ouverture, den Animatiounsprogramm, a souguer de formelle Protokoll vun der offizieller Begréissung vum Ierfgroussherzog Henri, dee fir d’éischt op enger REEL war, iwwerlooss. Dogéint hu mir fir interessant Gespréichsronnen iwwert Relatioune mat der Presse, d’Relations intercercles an d’Uni Lëtzebuerg gesuergt. Op dëser REEL huet d’ACEL och eng speziell Zeitung erausbruecht. Eis Redaktiounsequipe huet et trotz laange Soiréeën a ganz kuerzen Nuechte fäerdeg bruecht, d’Zeitung ze verdeelen, ier d’REELaner an de Bus no Lëtzebuerg gesat gi sinn. |
![]() |
|
| Stad | Montpellier |
| Datum | 13. bis 17. November 1991 |
| Theemen |
D’Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995 |
| President:in | onbekannt |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Am Joer 1991 war d’REEL zu Montpellier, eng Première a ville Hisiichten. Éischtens, well wéineg Lëtzebuerger do studéiert hunn, an zweetens, well Montpellier wäit, ganz wäit ewech ass. Mä de Wee huet sech gelount. D’REEL ass wéinst der Qualitéit vun hiren Debatten an der “Grande Ferrade” an Erënnerung bliwwen, un déi d’jonk Stéieren vu Montpellier (oder hir Nokomme) sech nach haut erënneren… |
![]() |
|
| Stad | Kaiserslautern |
| Datum | 21. bis 25. November 1990 |
| Theemen |
Écologie au Luxembourg et en Europe, Évolution du secteur de l’audio-visuel et des télécommunications, Programme Erasmus |
| President:in | Serge Dentzer |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Eng exzellent REEL gouf vun der Ekipp ronderëm de Serge Dentzer organiséiert. Déi wichtegst Punkte, déi vun der ACEL ugeschwate goufen, waren d’Reform vun der finanzieller Hëllef fir Héichschoulstudien. De Projet vun der Reform gouf vun de Responsabele vum Educatiounsministère virgestallt. Zu där Zäit huet d’Hëllef aus dräi Deeler bestanen: d’Bourse, de Prêt ouni Zënsen an de Prêt mat Zënsen. D’Reform hat als Zil, den Zënssaz, deen deemools bei 4 % louch, ze reduzéieren an de Prêt ouni Zënsen ofzeschafen an en an d’Bourse z’integréieren, där hire Betrag sollt eropgoen. En anere wichtege Punkt, deen op dëser REEL diskutéiert gouf, war den Erasmus-Programm. E Vertrieder vun der Europäescher Kommissioun war extra vu Bréissel komm, fir déi lëtzebuergesch Studenten an Eegepersoun iwwer dëse Mobilitéitsprogramm fir Studente z’informéieren. |
![]() |
|
| Stad | Zürich |
| Datum | 15. bis 19. November 1989 |
| Theemen |
Unerkennung vun den Unisdiplomer, Immatrikulatiounsproblemer vu lëtzebuergeschen Autoen am Ausland, Studentenwunnengen an hir Bezuelung, Organisatiounsproblemer vun der Foire de l’étudiant, d’Aide financière |
| President:in | Michel Reckinger |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
|
![]() |
|
| Stad | Louvain-la-Neuve |
| Datum | 17. bis 20. November 1988 |
| Theemen |
Le chômage intellectuel et les possibilités de recyclage, Le 3e cycle d’études, Les relations entre Harvard et Luxembourg, Les relations entre l’ACEL et les cercles, Les aides financières accordées aux étudiants, Que peut offrir une banque? |
| President:in | Henri Kihn |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
|
![]() |
|
| Stad | Paräis |
| Datum | 19. bis 22. November 1987 |
| Theemen |
Reform vum Enseignement secondaire, Subsiden fir d’Studenten, Guide du futur étudiant |
| President:in | Annick Everling |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
|
![]() |
|
| Stad | Innsbruck |
| Datum | 27. bis 30. November 1986 |
| Theemen |
Fräizügegkeet an Europa fir Studenten, Mobilitéit, Subsiden, Studien, Orientatioun, Führerschäin (Gültegkeet am Ausland), Wunnengen op verschiddenen Unien, Studentevertriedung |
| President:in |
Jean-Paul Heintz |
| Haaptpunkten fir d’ACEL |
Et gouf eréischt erëm thematesch, nodeems d’Statute vun der ACEL ënner Daach waren, an déi nächst REEL zu Innsbruck ustoung, déi éischt ausserhalb der vun der Europäescher Gemeinschaft (EG). En Thema, wat deemools wéi haut aktuell ass, waren déi léif Suen. D’Subside waren 1986 op d’Elteren ausgeriicht. Ween doheem net vill krut, ass och net iwwerall hi studéiere gaangen. Deemools ass de Slogan ”12×20” entstane, fir eng gewëssen Onofhängegkeet vun Doheem ze kréien an net dovun auszegoen, datt jiddereen am Summer doheem wunnt. De gefuerderte Montant vun 12×20.000 LUF géifen haut ronn 6.000 Euro Subside pro Joer entspriechen. |
![]() |
|
| Stad | Karlsruhe |
| Datum | 15. bis 17. November 1984 |
| Theemen |
Autorisation de séjour, Permis de séjour, Subsides de l’État, Coopération des étudiants avec les instances publiques, les organismes professionnels et le marché de l’emploi, Relations entre les cercles d’étudiants |
| President:in | Romain Agostini |
| Haaptpunkten |
Aus den eenzelnen Diskussiounsronnen ass d’Iddi entstanen déi spéider ACEL ze grënnen. |

































































