Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Auto- oder Immobilienprêt – Spuerkeess

Deng Studie ginn op en Enn an en neit Liewe waart op dech. Et ass Zäit, dech ganz dem beruffleche Liewe ze widmen an déi nächst Etapp vun dengem Liewen virzebereeden. D’Spuerkeess steet dir dobäi gären zur Säit.

De Prêt personnel

Du muss deemnächst Ausgaben aplangen, fir en Auto, Ëmbauaarbechten oder Miwwel ze kafen? Mam Prêt personnel léins du dir eng fix Zomm iwwer eng definéiert Period vun engem bis fënnef Joer. Als Axxess-Member profitéiers du och nach vun engem reduzéierten Zënssaz!

Mat S-Net, eisem Internet-Banking, kënns du deng Ufro fir e Prêt personnel selwer online maachen. Du brauchs deng Donnéeën net all unzeginn, well se schonn am System sinn. D’Analys gëtt direkt gemaach, sou kriss du séier eng Äntwert an d’Liquidatioun vum Prêt geschitt direkt op däi Compte courant.

Maach eng Simulatioun op eisem Site fir deng Mensualitéit ze rechnen!

Auto - De Leasing

Wann s du e Prêt fir en Auto ophëls, bezils du all Mount den Akafspräis zeréck a hues nach eng ganz Partie zousätzlech Käschten. Firwat net Lease Plus wielen, den operationelle Leasing vun der Spuerkeess, bei deem all d’Käschten abegraff sinn?

Wat sinn d’Virdeeler an d’Facilitéite vun der Offer Lease Plus?

  1. All d’Käschten, déi mam Entretien, de Pneuen, der Assurance an der Assistance zesummenhänken, sinn am Präis mat dran. Et gi keng schlecht Iwwerraschungen!
  2. Mat Lease Plus sinn all déi administrativ Demarchë vum Autokaf abegraff. D’Umelle vum Gefier, d’Taxe de circulation, d’Assurance an d’technesch Kontroll gi fir dech en Charge geholl!
  3. Am Fall vun engem Schued oder enger Pann, geréiert d’Assistance zu all Ament d’Situatioun an offréiert dir, falls du an engem anere Land an Europa eng Pann hues, eng Iwwernuechtung an engem Hotel an en Ersatzwon.

Wann de Kontrakt ausleeft, brauchs du dech weder ëm de Wäert vun der Reprise nach ëm d’Demarchë fir de Verkaf vum Gefier ze këmmeren; du wiels ganz einfach en neien Auto.

Den Immobilieprêt

Och wann de Kaf vun enger Wunneng nach net fir direkt ass, bereet dech fréi genuch vir!

Eng Simulatioun op eisem Site hëlleft dir an enger éischter Phas, dir eng Iddi vun denge Mensualitéiten ze maachen.

Mir roden dir, uschléissend e Rendez-vous mat engem Conseiller Logement vun der Spuerkeess auszemaachen. Hie kann dir op all deng Froen äntweren an all d’Detailer ginn, fir dës Acquisitioun virzebereeden.

An all Fall ass e Basiskapital kruzial. Mam Bauspuervertrag BHW bass du bei all Etapp op der gewonnener Säit:

  1.  Du spuers reegelméisseg

Wiel e garantéierte Kreditzënssaz mam Kontrakt BHW KomfortBausparen. Du profitéiers och vun engem Bonus fir déi Jonk vun 0,6% um souscrivéierte Montant wann s du bei der Souscriptioun, manner ewéi 25 Joer hues

2. Du profitéiers vun de steierleche Virdeeler ab denger éischter Pai

Du kënns vu bis zu 1.344€ ab dem éischte Besteierungsjoer profitéieren (d’Konditioune fënns du op www.guichet.lu).

3. Du fänks däin Immobiliëprojet méi fréi u mat der Garantie vum Staat

Falls du kee Basiskapital hues fir e Prêt Logement opzehuelen, kann de Staat fir däi Prêt biergen, ënnert der Bedéngung, dass du folgend Krittären erfëlls:

  • Du hues e Bauspuervertrag oder e Spuerkont bei enger an der selwechter Bank zanter op d’mannst dräi Joer.
  • Du hues e Startkapital vun op d’mannst 240€ op dësem Kont.
  • Esoubal s du dës Mindestzomm erreecht hues, muss du all Joer wärend dräi Joer op d’mannst 1000€ op dëse Kont setzen.
  • D’Mensualitéit däerf net méi wéi 40% vun dengem „Revenu disponible” ausmaachen.
Table of Contents