Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics
Print

Haftflicht

Muss ech eng Haftflicht hunn?

Dës Assurance ass zu Lëtzebuerg net obligatoresch. Trotzdeem soll een onbedéngt eng Haftflicht hunn.

Firwat brauch ech eng Haftflicht?

Am deegleche Liewe geschéien ëmmer erëm Accidenter, déi d’Haftflicht spille loossen. D’Haftflicht kënnt fir all materiellen a kierperleche Schued op, deen ee selwer oder eng Persoun, fir déi ee responsabel ass (z. B. e Kand), un engem Drëtte verursaacht huet.

D’Haftflicht ass hirersäits nees an zwou Branchen opgedeelt:

  • Privatliewen: Hei trëtt d’Assurance zum Beispill a Kraaft, wann een eng Persoun am Stroosseverkéier (z. B. mam Vëlo, als Foussgänger, mam Pedelec, mat der Trottinett, asw.) oder beim Sport sollt verletzen, oder wann een e materielle Géigestand vun enger anerer Persoun iertemlech beschiedegt (z. B. Schued um Haus). Et soll een onbedéngt beim Assureur nofroen, wann een déi nei elektresch Gefierer (Pedelec, Trottinett, asw.) benotzt. Meeschtens sinn déi nëmme matverséchert, wa se net méi séier wéi 25 km/h fueren.
  • Aarbechtswelt:

– Salariéen: Op der Aarbecht gëtt d’Haftflicht am Prinzip vum:vun der Patron:ne iwwerholl.

– Fräiberuffler: Fir Persounen, déi selbstänneg sinn, zum Beispill Dokteren:eschen oder Architekten ass et wichteg, an fir verschidden Beruffer obligatoresch, eng eegen Haftflicht ze hunn, déi si an hir Salariéë géint eventuelle materiellen oder kierperleche Schied verséchert, déi op der Aarbecht kënne virkommen oder Schied déi hir Aarbecht Drëttpersounen zoufüügt.

Table of Contents