Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Steieren

Wéi, wou, wat, firwat?

Firwat bezuelen ech Steieren?

D’Steieren zielen zu de Recettë vum Staat an droen zum gudde Fonctionnement vum Land bäi.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Steieren direkt vun dengem Salaire ofgehalen. Den Employeur gëtt déi Suen direkt un d’Steierverwaltung (Administration des contributions directes) weider. Dat nennt een „ Lounsteier“. Als Employé kriss du vun der Steierverwaltung deng Steierkaart geschéckt. Du brauchs se net un däi:deng Patron:ne weiderzeginn. Dee kritt se iwwer Guichet.luelektronesch zur Verfügung gestallt a muss se do ofruffen. Du kanns och de Courrier vun der Steierverwaltung op Guichet.lu abonéieren, da kriss du deng Steierkaart do elektronesch zur Verfügung gestallt. D’Steierkaart (fiche de retenue d’impôt) ass en Dokument, dat festhält, a wat fir enger Steierklass du bass oder mat wéi engem Taux däi Salaire besteiert gëtt. Et ass e wichtegt Dokument fir de Patron, fir d’Lounsteier vun denger Pai ofzerechnen. Fir d’éischt solls du kontrolléieren, ob all d’Informatiounen – virun allem d’Steierklass oder den Taux – op der Steierkaart richteg sinn. Wann alles korrekt ass, kanns du se doheem bei deng Dokumenter klasséieren. Fräiberuffler a Geschäftsleit bezuele keng Lounsteier op hirem Revenu als Independant. Dofir musse si eng Steiererklärung maachen a bezuelen all dräi Méint eng Avance.

Deng Steierkaart kriss du automatesch heem geschéckt, wann däi:deng Patron:ne dech beim Centre commun de la sécurité sociale (www.ccss.lu) umellt. Wann s du zum Beispill bestuet gëss oder plënners, muss du däin État civil oder deng Adress op denger Gemeng änneren. Déi Informatioun gëtt dann vun der Gemeng un d’Steierverwaltung weidergeleet an du kriss dann automatesch eng nei Steierkaart heemgeschéckt

De Montant vu Steieren, déi ee bezuele muss, hänkt haaptsächlech vun zwou Saachen of: 

  • Dem Bruttosalaire an deene jeeweilegen Deductiounen (Fraisde-déplacementen, Iwwerstonnen, Cotisatiounen, asw.), 
  • Der familiärer Situatioun 

Et ginn dräi Steierklassen, déi de Steiersaz matbestëmmen: 

  • Klass 1: Fir onbestuete Leit ouni Kanner, déi manner wéi 65 Joer hunn 
  • Klass 1a: Fir Wittfraen a Wittmänner, onbestuete Leit mat Kanner zu Laaschten an onbestuete Leit, déi iwwer 65 Joer hunn
  • Klass 2: Fir Persounen, déi zesumme besteiert ginn, entweder duerch Bestietnis, PACS, mat oder ouni Kanner zu Laaschten 

Onofhängeg vun der Steierklass gi Steieren no der Methode progressive gerechent. Dat heescht: Wat ee méi verdéngt, wat ee méi Steiere bezuele muss. Den Taux variéiert tëschent 0 an 42%. 

Steiererklärung an Décompte annuel

D’Lounsteier ass ewéi eng Avance ze betruechten a kann duerch d’Ausfëlle vun engem Décompte annuel oder enger Steiererklärung definitiv regulariséiert ginn. Et kann een ënner gewëssen Ëmstänn d’Lounsteier ganz oder zu engem Deel zeréckkréien. Eréischt ab engem Joresakommes vun 12.438€ (Stand 2024) fänkt een un, Steieren ze bezuelen.

Muss ech eng Steiererklärung oder en Décompte annuel maachen?

Jee no Familljen- a Beruffsstand, muss du entweder en Décompte annuel oder eng Steiererklärung maachen. Eng Steiererklärung muss de zum Beispill maachen: 

  • wann däin Akommes (Revenu imposable) méi héich wéi 100.000€ ass 
  • wann s du méi wéi eng Aarbechtsplaz hues, dat heescht wann s du fir méi Patrone gläichzäiteg schaffs 
  • wann s du nach aner Revenue kriss ewéi zum Beispill Dividenden oder Loyeren

Wann däi:deng Patron:ne deng Steieren direkt vum Salaire ofhält, hues du am Prinzip deng Steiere bezuelt.
A verschiddene Fäll hues du awer Interêt, en Décompte annuel
unzefroen, zum Beispill: 

  • Wann s du Zënsen op engem Prêt bezuelt hues (zum Beispill um Studenteprêt)
  • Wann s du eng Zousazpensioun bezils
  • Wann s du eng Liewensversécherung, eng Krankeversécherung oder eng Haftflicht bezils (dozou gehéiert och d’Haftflicht fir den Auto, awer net d’Kasko)
  • Wann s du Kotisatioune bei enger unerkannter Mutuelle bezils
  • Wann s du an e Bauspuervertrag abezils

An dëse Fäll kriss du héchstwahrscheinlech Steiere vum Steieramt zréck.

Den Delai fir en Décompte annuel vum Joer X eranzeschécken, ass den 31. Dezember vum Joer X+1.

D’Steieren, déi däi:deng Patron:ne vun dengem Salaire ofhält, sinn op engem Revenu mensuel gerechent. Wann de Salaire net iwwer déi zwielef Méint vum Joer bezuelt gouf, kann et sinn, datt s du ze vill Steiere bezuelt hues well beim Décompte annuel de Revenu nom Barème annuel besteiert gëtt. Et ass deemno unzeroden, en Décompte annuel auszefëllen. Du kriss dee Moment déi Steieren zeréckbezuelt, déi s du ze vill ofgehale krus

Table of Contents