Tip: Start typing in the input box for immediate search results.
-
Psychologie
ALEP

- https://alep.lu
- ">
- alep.lu
- ALEP - Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie
Missioun a Beschreiwung
D’ALEP (Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie) gouf 1998 an d’Liewe geruff, a representéiert, wéi de Numm et scho seet, d’Psychologiestudent:innen vu Lëtzebuerg. D’ALEP ass deemno e fachspezifesche Cercle, deem seng Memberen op verschiddenen Unie Psychologie studéieren. D’Memberschaft bei der ALEP bitt de Psychologiestudent:innen d’Méiglechkeet, Leit kennenzeléieren, interessant Austauschen ze maachen an Informatiounen iwwer Stagen an aner Offeren ze kréien. Duerch eis Kontakter mat der ACEL, der EFPSA (European Federation of Psychology Students’ Association), der SLP (Société Luxembourgeoise de Psychologie), Psycholog:innen an der Uni.lu kréie mir vill Nouvellen aus der Studien- a Psychoswelt, déi mir de Membere weiderschécken. Als Psycho- logiestudent:in kanns du Member bei der ALEP ginn!
Fir Schüler:innen, déi sech fir d’Fach interesséieren, komme bei der ALEP vill Informatiounen zesummen, déi hinne weiderhëllefen, de Studium ze plangen. D’Psychologiestudent:innen kënnen hinnen hir Erfarungen, déi iwwer offiziell Informatiounen erausginn, weiderginn. Dat ganzt Joer iwwer kënne si eis Froen op eis E-Mail-Adress eraschécken. Direkt a Kontakt mat der ALEP triede kënnen d’Schüler:innen ënner anerem um Informatiounsowend iwwer Psychologie, deen all Joer stattfënnt, op der Studentefoire, op der Porte ouverte vun der Uni Lëtzebuerg oder op enger vun de sëllegen Informatiounsveranstaltungen uechtert Land. Bei deenen Eventer verdeele mir och ëmmer gratis eis Infobroschür „Psychologie studéieren – Wat muss ech wëssen?“, déi Informatiounen zum Opbau vum Studium an der Psychologie am Allgemengen, wéi och zu de Spezifizitéite vum Studium a verschiddene Länner beinhalt. Eng Online-Versioun fannt dir awer och op eiser Internetsäit
Aktivitéiten
D’ALEP organiséiert e puer Evenementer d’Joer. Dozou gehéieren z.B. en Informatiounsowend iwwer Psychologie an 2-3 Mol pro Joer Visitte vu psychologeschen Institutiounen. Ee vun den Haaptziler ass et, op esou Evenementer de Kontakt tëschent de Student:inne vum Studiefach Psychologie hierzestellen. Mir wëllen awer och e gudde Lien tëschent de Student:innen an de professionelle Psycholog:innen an hirem Beruffsverband, der SLP (Société Luxembourgeoise de Psychologie), fërderen. Neierdéngs bidde mir och Student:innen un iwwert eise Service des Psychologues en Formation eege Workshops (z.B. Entspanungsverfaren) ënner Supervisioun vu Psycholog:innen ze plangen an duerchzefeieren, sou wéi ëmgedréint un Trainings fir d’psychologesch Praxis deelzehuelen. D’ALEP representéiert Lëtzebuerg ausserdeem bei der EFPSA (European Federation of Psychology Students’ Association), dem Daachverband vun den Associatioune vu Psychologiestudent:innen an Europa. D’EFPSA bitt e wëssenschaftlechen Austausch um europä- eschen Niveau an niewebäi sti vill sozial a kulturell Aktivitéi- ten um Programm, un deenen d’Membere vun der ALEP sech bedeelege kënnen. D’ALEP ass och do, fir Schüler:innen, déi sech fir d’Fach interesséieren, ze informéieren, an dat duerch hir Presenz op Studieninformatiounsdeeg an der Studentefoire. Ze gudder Lescht setze mir eis och fir mental Gesondheet an, a sensibiliséiere Schüler:innen a Lycéeë mat eisem LëtzMind Projet – inspiréiert vum “Mind the Mind” (EFPSA).
Publikatiounen
