Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics

ALSEP

Missioun a Beschreiwung

Wat ass d’ALSEP?

D’ALSEP (Association Luxembourgeoise Socio-Éducative et Pédagogique) ass am Dezember 2024 an d’Liewe geruff ginn. Et handelt sech ëm ee fachspezifesche Cercle, deen all méiglech Studiegäng aus pädagogeschen, edukativen a soziale Beruffsrichtungen verbënnt. 

D’ALSEP huet als Zil d’Student:innen aus den uewe genannte Beräicher mateneen a Kontakt ze bréngen an een Austausch ze erméiglechen. An deem Kontext sollen am Joer verschidde Visitten, Informatiounsversammlungen an Events stattfannen. Ausserdeem huet d’ALSEP als Zil d’Schüler:innen an hirer Studiewal a bei Froe, wéi och zum Iwwergang an d’Beruffsliewen, ze ënnerstëtzen.

Et kann een sech mat all senge Froen zum Thema Studium oder Beruffsliewe bei eis mellen déi ënnert Bildung, Erzéiung a Sozialberäich falen. Et kënne Froen zum Studium a Lëtzebuerg oder am Ausland sinn, sou wéi iwwert d’Unerkennung vum Diplom oder och zum Thema Exame fir an de Beruff ze starten.

Aktivitéiten

D’ Zil vun der ALSEP, déi réicht am Dezember 2024 gegrënnt ginn ass, besteet doran, d’ Studenten am sozialen, educativen a pädagogesche Beräich op Evenementer zesummenzebréngen. Dëst soll zukünfteg a Form vu Spaasseventer (wéi z.B Bowling) an awer och op informativer Basis, wéi d’ Deelhuelen um fachspezifeschen “Student fir 1 Dag” oder der Studentefoire ëmgesat ginn. Och Visitten an Informatiounsversammlung an de verschidde Beräicher Erzéiung, Bildung an am allgemenge soziale Beräich stinn um Programm vun der ALSEP. De Comité vun der ALSEP freet sech, seng Memberen also deemnächst op den Eventer empfänken ze kennen.

Publikatiounen

Table of Contents