Wee si mir?
D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den 
LSM, regroupéiert an der Tëschenzäit ronn 120 Studenten vun den Héichschoulen an Unien zu München. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger handvoll Leit mam Zil eng Plattform ze schafen, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen.
Traditionell soll de Cercle also 
Kontakter erméiglechen, 
Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suergen. Un dësen Ziler huet sech wéineg geännert, an awer hu sech d'Emstänn duerch sozial Netzwierker an ëmmer méi grouss Gruppe vu Studenten, déi schonn zesummen op Münche kommen, verännert. Eise Cercle probéiert dës Erausfuerderungen unzegoen a méi wéi de Standard-Programm unzebidden.
Wat maache mir?
Nieft engem 
Welcome Day, fir déi nei Studenten zu München ze begréissen, an traditionellen Datumer wéi der 
Chrëschtfeier an 
zwee Fräibéier, organiséiert den LSM och all Joer ee 
Skiweekend zu Kitzbühel souwéi eng 
LSM-Rees an eng europäesch Stad fir wéineg Geld. Donieft kënnt och de sportlechen Aspekt mat 
Fussball, Volleyball a Basket net ze kuerz.
2015 hu mir, mat groussem Erfolleg, déi éischt 
Oktoberfest-Intercercle lancéiert a wäerten dat och an deene nächste Jore bäibehaalen.
Eis Käraktivitéit vum Joer ass allerdéngs de 
Münchner Bal op Ouschtersonndeg, deen ëmmer erëm e groussen Erfolleg ass a genuch Geld an d’Cercle-Kees spullt, fir dass mir de Memberen all dës Aktivitéiten ubidde kënnen.
Wou kann een eis fannen?
Zéckt net eis eng 
Mail ze schreiwen, eise 
Site ze besichen, Donneschdes Owes ab 9 Auer an d‘Klenze17 op eise 
Stammdësch ze kommen oder un enger anerer vun eisen Aktivitéiten deelzehuelen. Mir hunn nach ni ee gebass, et sief dann e wollt et.
An deem Sënn,
Servus und pfiat eich!