Déi richteg Sendung fir Student:innen an zukünfteg Student:innen! Hei ginn all Froe ronderëm d’Studenteliewe vun aktuelle Studente beäntwert.

Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner um Eldo genee déi richteg Sendung fir dech.

Wat ass den ACEL Studentecorner um Eldo?

All leschte Freide vum Mount erzielen aktuell lëtzebuergesch Student:innen vun hirem Alldag, wéi si ënnerschiddlech Problemer gemeeschtert hunn a beäntweren dir all deng Froen. Natierlech gëss du hei awer och iwwert all méiglech Eventer informéiert, déi fir dech als Student oder Studentin interessant kënne sinn.

An all Sendung, déi iwwregens um Eldo vun 20h00-21h30 all leschte Freide vum Mount leeft, huet d’Anne Besuch am Studio an dat vu Vertrieder vun der ACEL a vun den ënnerschiddleche Cercle. Si sinn nämlech déi richteg Uspriechpartner wann et ëm deng Froe ronderëm d’Studéiere geet.

Wann s du d’Sendung awer solls verpassen oder net eralauschtere kanns, dann hues du d’Méiglechkeet d’Sendung als Podcast op eldo.lu oder an der Eldo-App nach eemol ze lauschteren. De Podcast fënnt een och nach op Spotify an op Apple Music.

Replay
Galerie