Informatioun

D’ACEL informéiert d’Schüler:innen an d’Student:innen iwwert hir Méiglechkeeten nom Lycée, wärend dem Studium esou wéi och no de Studien. Op der Websäit studenteguide.lu fënnt een all d’Infoe fir de Start vum Studium, fir wärend dem Studium a fir de Wee an d’Aarbechtswelt ze erliichteren. Fir de Schüler:inne bei hirer Entscheedung iwwer zukünfteg Studien ze hëllefen, organiséiert d‘ACEL alljoers de „Student fir 1 Dag“ wou d‘Schüler:innen an hir zukünfteg Studentestad fueren. D’ACEL an hir Membercerclë sinn och alljoers op der „Studentefoire“ vertrueden.

Informatioun

Wat maache mir?

Studenteguide.lu

Hei fënns du alles ronderëm d’Thema Studéieren, Aarbechtswelt an Orientatioun. Dës Websäit verbënnt eng Rëtsch u wichtegen an interessanten Artikelen net nëmme fir déijéineg déi sech virum, am oder nom Studium befanne relevant, mee och fir jiddereen deen no Perspektiv sicht.

Student fir 1 Dag

Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart oder wou’s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass. Da géi mat op eng vun de Visitten an 25 verschidden Universitéitsstied a 8 verschiddene Fächer, organiséiert zesumme mat de Cerclen.

Studentefoire

Hei fënns du Informatiounen iwwer Studien zu Lëtzebuerg an am Ausland, iwwer Studenteliewen an iwwer deng Méiglechkeeten no der Schoul. Komm laanscht, stell deng Froen a profitéier vun den Erfarunge vu Student:innen.

Aktuelles

Wat gëtt et Neies?

Publikatiounen

Méi Informatiounen?