Tournoi de Noël

An der Chrëschtvakanz kommen iwwer 25 Cerclë fir zwee Deeg um Tournoi de Noël zesummen. Gespillt gëtt Basketball, Volleyball a Fussball.

Nieft dem Sport geet et virun allem ëm d’Zesummekommen: seng Equipe ufeieren, beim Comptoir eppes drénken an d’Kolleegen aus anere Studentestied nach eng Kéier gesinn, ier d’Joer eriwwer ass.

Editioun 2026

Deeg
Stonnen
Minuten

Wat ass den Tournoi de Noël?

Beim Tournoi de Noël kommen d’Studentecerclë vun der ACEL kuerz virun de Feierdeeg zesummen, fir sech sportlech ze moossen an al Bekannter aus anere Studentestied erëmzegesinn. Zesumme mat der LASEL organiséiert d’ACEL dëst Evenement an de Sportaarten Basketball, Volleyball a Fussball. 

Nieft de Matcher steet virun allem de gemeinsame Moment am Mëttelpunkt: Sport maachen, ufeieren an d’Joer zesumme mat anere Student ausklénge loossen. Wéi all Joer kënnt den Erléis vum Tournoi de Noël engem gudden Zweck zou.

Ekippeniwwersiicht & Spillplang 2025

  1. Aix-en-Provence (Letz’Aix)
  2. Baaschtnech (VLIB)
  3. Berlin (VLIB)
  4. Bonn (Alesontia)
  5. Bréissel (CELB)
  6. Freiburg (SLUF)
  7. Fribourg (Friblëtz)
  8. Heidelberg (LSH)
  9. Innsbruck (LSI)
  10. Kaiserslautern (LSK)
  11. Karlsruhe (AELK)
  12. Köln (LSC)
  13. Lausanne (AELL)
  14. Léck (Lëstlé)
  15. Maastricht (LSMaas)
  16. Montpellier (CELM)
  17. München (LSM)
  18. Oochen (AVL)
  19. Paräis (AELP)
  20. Stroossbuerg (ALUS)
  21. Tréier (LST)
  22. Wien (LSW)
  1. Amsterdam (RLA)
  2. Bréissel (CELB)
  3. Fribourg (Friblëtz)
  4. Heidelberg (LSH)
  5. Innsbruck (LSI)
  6. Kaiserslautern (LSK)
  7. Köln (LSC)
  8. Lausanne (AELL)
  9. München (LSM)
  10. Oochen (AVL)
  11. Stroossbuerg (ALUS)
  12. Wien (LSW)
  1. Aix-en-Provence (Letz’Aix)
  2. Baaschtnech (CELBas)
  3. Berlin (VLIB)
  4. Bréissel (CELB)
  5. Freiburg (SLUF)
  6. Fribourg (Friblëtz)
  7. Heidelberg (LSH)
  8. Innsbruck (LSI)
  9. Kaiserslautern (LSK)
  10. Köln (LSC)
  11. Lausanne (AELL)
  12. Léck (Lëstlé)
  13. Maastricht (LSMaas)
  14. Montpellier (CELM)
  15. München (LSM)
  16. Oochen (AVL)
  17. Paräis (AELP)
  18. Portugal (LSP)
  19. Saarbrécken (LSS)
  20. Stroossbuerg (ALUS)
  21. Tréier (LST)
  22. Wien (LSW)
  23. Zürech (LSZ)

De komplette Spillplang gëtt um Site vun der LASEL publizéiert: Tournoi de Noël 2025 – Spillplang

Standuert & Auerzäit

  • Warm-Up 08:30

  • Startschoss 09:00

  • Schluss 19:00

  • Warm-Up 08:00

  • Startschoss 08:30

  • Schluss 19:00

Iessen a Gedrénks

Fir d’Iessen Mëttes suergen dëst Joer eis Cerclen.

Grill (LSI)

Grillwurscht 4,00 €
Mettwurscht 4,00 €
Veggiewurscht 4,00 €
Zucchini/Courgette 4,00 €

Burger (AVL)

Burger 6,00 €
mat Speck +1,00 €
mat Gromperekichelchen +1,00 €
Veggie Burger 6,00 €
mat Gromperekichelchen +1,00 €
Chicken Nuggets 9 Stéck 5,00 €

Zalot (Alesontia)

Nuddelszalot 4,00 €

Dessert (RLA)

Poffertjes 10 Stéck 4,50 €
Kuch 4,00 €
Stroopwafel 1,50 €

Kniddelen (LSB)

Kniddelen +2,00 € Vidange 7,00 €
mat Speck +1,00 €
mat Champignonen +1,00 €

Doniewent wäert dir um Tournoi de Noël net duuschtreg bleiwen, mir versuergen iech mat genuch Gedrénks! Fir d’Waasser wiere mir frou, wann dir wgl. ären eegene Bidon matbréngt, an dee kënnt dir da gratis opfëllen.