Ee vun der ACEL hiren dräi Haaptziler ass et, d’Student:innen aus deene verschiddene Stied zesummenzebréngen. Dofir organiséiert d’ACEL alljoers verschidden Evenementer. Ee vun deene gréissten Eventer ass „De Studentebal“ deen alljoers am Juli stattfënnt. Mat sengem eenzegaartege Konzept bréngt en an engem Owend déi verschidde Kulturen an Traditiounen aus deene verschiddene Studentestied zesummen. Weider grouss Eventer sinn den „Tournoi de Noël“ an de Quizowend.
All Joer kommen dausende vu Student:inne vun doheem an aus dem Ausland zesummen, fir zesummen ze feieren an ze danzen. An nëmmen engem Owend bréngt de Studentebal déi verschidde Kulturen a Studente-Traditiounen aus ganz Europa zesummen.
An der Chrëschtvakanz kommen iwwer 25 Cerclë fir zwee Deeg zesummen. Gespillt gëtt Basketball, Volleyball a Fussball. Nieft dem Sport geet et virun allem ëm Equipe unzefeieren, beim Comptoir eppes ze drénken an d’Kolleegen aus anere Studentestied ze gesinn.