SLUF

Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg

» Wee mir sinn:

Mir sinn eng Vereenegung, déi d’lëtzebuerger Studenten zu Freiburg vertrëtt an gehéieren eiser nationaler Vertriedung vun den lëtzebuerger Studenten, der Associations des Cercles d’étudiants Luxembourgeois – kuerz ACEL – un. Mir sinn, genau ewéi d’ACEL, souwuel politesch ewéi och ideologesch neutral, dat heescht dass mir keng bestëmmte parteipolitesch a reliéis Meenung vertrieden. Dat ass extrem wichteg fir dem Usproch, all d’Studenten representéieren ze kënnen, wëlle gerecht ze ginn. De SLUF zielt eng ronn 80 Memberen, fir déi iwwert e Semester verdeelt eng ganz Rei u flotten Aktivitéiten organiséiert gëtt. Donieft ass de SLUF de beschten Uspriechpartner wann et ëm d’Studéieren an d’Liewen zu Freiburg geet. Op eiser Homepage fënns du Informatiounen an Tipps, déi fir e gudde Start an d’Studenteliewen zu Freiburg suergen sollen (alles iwwert déi eenzel Studiegäng, wéi een sech op der Wunnengssich uleeë soll, etc.). Dënschdes ass während der Virliesungszäit eise lëtzebuerger Owend, wou mir eis entweder op eisem Stammdësch am Cheers treffen oder fir eng vun eise villen Aktivitéiten op enger ugekënnegter Plaz. Wann s du op Freiburg kënns, dann kontaktéier eis per Mail a mir soen dir, wéini a wou mir eis déi Woch treffen an du kanns dir d'Saach ukucke kommen. Eise Cercle steet dir bei all dengen Froen a Problemer zur Säit.

» Aktivitéiten:

Stammdësch (all Woch), Ersti-Stee, Ersti-Daf, Intercercle: Soccer-Golf, Straba-Party (mat engem Partywon vun der Stroossebunn duerch Freiburg), Cafésrallye, Grillen am Seepark, Wanterhütt um Feldberg, Bowling, Partizipatioun um Tournoi de Noël, Soirée am Choco (Lëtzebuerg), Stand um Studentebal vun der ACEL, Stand op der Foire de l'étudiant a villes méi.

LU38 0030 2940 0936 0000 BGLLLULL


Contact: