D’ACEL vertrëtt d’Student:inne virun den Autoritéiten a setzt sech fir hir Rechter an, dofir steet d’ACEL a reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren an Institutiounen. D’ACEL ass awer net nëmmen national aktiv, mee hëlleft och de Student:innen am Ausland bei Problemer mat den Autoritéiten. D’ACEL ass ideologesch a parteipolitesch neutral, dat heescht, dass si keng bestëmmt parteipolitesch Meenung vertrëtt.
Studéiere goen, sief et am Ausland oder zu Lëtzebuerg, ass mat Käschte verbonnen. Dofir gräift de Lëtzebuerger Staat de Student:innen ënnert d’Äerm a bitt eng finanziell Ënnerstëtzung un.
Du wëlls e Stage maachen a wëss net genau, wéi eng Reegelen dofir gëllen oder ob en bezuelt muss ginn? Hei fënns du déi wichtegst Informatiounen zum Stagegesetz zu Lëtzebuerg.