Cerclë sinn Organisatiounen, déi d’Student:innen an enger Stad oder d’Student:inne vun enger bestëmmte Fachrichtung zesummebréngen an informéieren. D’Cerclë bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 10 Länner verdeelt. Dorënner ass d’Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Éisträich, Holland, Irland, Lëtzebuerg, Schwäiz a Portugal. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’Lëtzebuerger Student:inne wärend hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft ginn et nach 11 fachspezifesch Cerclen.
Du studéiers an enger Stad an der et kee Lëtzebuerger Studentecercle gëtt? Du hues awer Loscht mat puer Lëtzebuerger eppes ze ënnerhuelen an sech kennenzeléieren? Vläicht wëlls du ee Cercle an denger Stad grënnen?
Dann schreif dech hei an, a mir schécken dir sou séier wéi méiglech eng Lëscht mat Lëtzebuerger Student:innen, déi s du da kontaktéiere kanns!