Studentefoire

Zesumme mam Ministère fir Fuerschung an Héichschoul organiséiert d’ACEL d’Studentefoire. Hei fënns du Informatiounen iwwer Studien zu Lëtzebuerg an am Ausland, iwwer Studenteliewen an iwwer deng Méiglechkeeten no der Schoul.

D’ACEL an hir Membercerclë sinn och dëst Joer fir dech do. Komm laanscht, stell deng Froen a profitéier vun den Erfarunge vu Student:innen.

Studentefoire 2026

120+

Stänn

6.000+

Visiteuren

2

Deeg

35+

Cerclen

50+

Unien

40.

Editioun

Studien & Héichschoulen

Informéier dech iwwer Bachelor-, Master- a weider Studien, zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Studenteliewen & Cerclen

Schwätz mat Student:innen iwwer hir Stad, hire Studium, Wunnen, Budget an den Alldag.

Orientatioun & Zukunft

Entdecke Weeër, Méiglechkeeten a Berodungsangebote fir deng nächst Entscheedung.

D’Studentefoire ass déi zentral Informatiounsfoire zu Lëtzebuerg fir all déi, déi sech mat hirem Wee nom Lycée beschäftegen. Schüler, Elteren an Interesséiert treffen hei Héichschoulen, Universitéiten, Studentecerclen, Berodungsservicer an Organisatiounen op enger Plaz. Sou kënne si sech iwwer Studien zu Lëtzebuerg an am Ausland, verschidde Beruffer an d’Liewen als Student informéieren an hir Froen direkt stellen.

D’ACEL organiséiert d’Studentefoire zesumme mam Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR). Wärend Héichschoulen hir Studienoffer presentéieren, deelen d’Studentecerclen hir Erfarungen aus dem Alldag: iwwer Studium, Studentestad, Wunnen, Budget a Gemeinschaft.

Fir hir 40. Editioun kritt d’Studentefoire eng nei Ausriichtung. Nieft dem Héichschoulberäich ginn d’Beruffsorientéierung an d’Engagement vu Jonken nach méi staark an de Virdergrond gestallt. Domat gëtt d’Foire e Raum, fir Studien- a Beruffsperspektiven ze entdecken, awer och fir Initiativen aus dem associative, kulturellen a biergerschaftleche Beräich kennenzeléieren.

Egal ob s du schonn e konkrete Plang hues oder nach no Orientéierung sichs: Op der Studentefoire erwaarden dech Informatiounen, Gespréicher a Perspektiven fir deng Zukunft.

FREQUENTLY ASKED QUESTIONS (FAQ)

Fir Schüler aus der 2e an 1ère, Elteren an all Persoun, déi sech iwwer Studien oder hir Zukunft informéiere wëll. Si ass och fir Student interessant, déi hiert Studium nei ausriichte wëllen oder fir hire Master eng aner Héichschoul, Stad oder e Land sichen.

Nee. D’Entrée ass gratis an et ass keng Umeldung néideg.

Jo. D’Foire ass do, fir Méiglechkeeten ze entdecken, verschidde Weeër ze vergläichen an direkt mat Héichschoulen, Berodungsservicer a Student ze schwätzen.

Nieft Héichschoulen a Studienméiglechkeete kritt d’Beruffsorientéierung eng méi grouss Plaz. Ausserdeem gëtt et méi Informatiounen iwwer d’Engagement vu Jonken, zum Beispill am associative, kulturellen a biergerschaftleche Beräich.

Jo. Bei der ACEL an hire Membercerclë kanns du Student iwwer hire Studium, hir Studentestad, Wunnen, Budget an hiren Alldag froen.

Iwwerlee dir am Viraus, wat dech interesséiert, a notéier deng Froen. Esou kanns du d’Gespréicher op der Foire gezielt notzen.