An der Chrëschtvakanz kommen iwwer 25 Cerclë fir zwee Deeg um Tournoi de Noël zesummen. Gespillt gëtt Basketball, Volleyball a Fussball.
Nieft dem Sport geet et virun allem ëm d’Zesummekommen: seng Equipe ufeieren, beim Comptoir eppes drénken an d’Kolleegen aus anere Studentestied nach eng Kéier gesinn, ier d’Joer eriwwer ass.
Beim Tournoi de Noël kommen d’Studentecerclë vun der ACEL kuerz virun de Feierdeeg zesummen, fir sech sportlech ze moossen an al Bekannter aus anere Studentestied erëmzegesinn. Zesumme mat der LASEL organiséiert d’ACEL dëst Evenement an de Sportaarten Basketball, Volleyball a Fussball.
Nieft de Matcher steet virun allem de gemeinsame Moment am Mëttelpunkt: Sport maachen, ufeieren an d’Joer zesumme mat anere Student ausklénge loossen. Wéi all Joer kënnt den Erléis vum Tournoi de Noël engem gudden Zweck zou.
De komplette Spillplang gëtt um Site vun der LASEL publizéiert: Tournoi de Noël 2025 – Spillplang
Warm-Up 08:30
Startschoss 09:00
Schluss 19:00
Warm-Up 08:00
Startschoss 08:30
Schluss 19:00
Fir d’Iessen Mëttes suergen dëst Joer eis Cerclen.
Doniewent wäert dir um Tournoi de Noël net duuschtreg bleiwen, mir versuergen iech mat genuch Gedrénks! Fir d’Waasser wiere mir frou, wann dir wgl. ären eegene Bidon matbréngt, an dee kënnt dir da gratis opfëllen.