Den 2. Oktober waren d’Serena vum ELAN an de Pit vum der ACEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d’Anne sech d’Stad Nanzeg als Studentestad méi genee ugekuckt. Wéi lieft et sech zu Nanzeg? Wéi ass d’Wunnengssituatioun? Wéi eng Tipps si wichteg fir d’Uni? An d’ACEL huet eng interessant Ëmfro ronderëm de Logement an den Transport fir Studenten zu Lëtzebuerg gemaach. Des Weidere gouf och scho vill iwwert d’Studentefoire geschwat. Alles dat a nach vill méi an dëser Editioun vum Studentecorner am September.