ALEP
Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie
Wee si mir?
D'Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie vertrëtt Lëtzebuerger Student:innen déi a Lëtzebuerg an am Ausland Psychologie studéieren. Mir stellen Informatioun fir scho bestoend Student:innen, mee awer och Schüler:innen, déi hire Parcours réischt ufänken, bereet a setzen eis fir si an.
Wat maachen mir?
-
Ee wichteg Event sinn eis Schoulvisitten. Hei gi mir verschidde Lycéeë besichen a klären iwwer de Studiegang Psychologie, Uni's Liewen a Perspektiven op a ginn op Froe vun de Schüler:innen an.
-
De Letzmind huet als Zil Lycée Schüler:innen zu Lëtzebuerg méi opmierksam op Thema Mental Gesondheet ze maachen. Dofir maache mir och hei Schoulvisiten fir Schüler:innen opzeklären an dat Stigma ronderëm Mental Gesondheet ze briechen.
-
Op eiser "Soirée d'Information sur la Psychologie" erméigleche mir de Schüler:innen den Dialoge mat Psycholog:innen a gi Beruffstätege Méiglechkeet fir iwwer hier Erfarungen a Aarbescht ze schwätzen.
Follow eis an de soziale Medien


