Skip to main content

GDL

D'Lëtzebuerger zu Léiwen

Wee si mir?

D'Lëtzebuerger zu Léiwen, och Grand-Ducale genannt, vertrëtt d'Lëtzebuerger Studenten zu Louvain-la-Neuve an der Belsch. Eis gëtt et säit dem Joer 1880, an domat si mir och den eelste Cercle an der ACEL.

Wat maachen mir?

  • All Joer huele mer Deel un den "24H Vélo de Louvain-la-Neuve", wou mir ee Vëlo bauen dee Lëtzebuerg representéiert, an Owes hu mer do och eisen eegene Bar!
  • Wärend dem Joer organiséiere mir all Sonnden eng Soirée an eisem Bar wou mir, mee och all déi aner Cerclen zu Louvain-la-Neuve, zesummekommen an ee flotten Owend verbréngen.
  • Soss gi mir reegelméisseg och aner Aktivitéite maache wei Bowling spillen, lafe goen, Filmowender maachen oder eng aner Stad besichen!☺️
Follow eis an de soziale Medien