Skip to main content
LESTLÉ
Websäit Lëtzebuerger Studenten zu Léck
Land Belsch

LESTLÉ

Lëtzebuerger Studenten zu Léck

Wee si mir?

D’Lëstlé zielt zu den eelsten Lëtzebuerger Studentencercelen. E gouf viru méi wéi 100 Joer gegrënnt an existéiert ënnert senger aktueller Form säit 1955. De Cercle besteet aus ongeféier 50 aktive Memberen. De Comité, zesummegesat aus 7 Memberen, befaasst sech mat der Organisatioun vun diversen kulturellen, festlechen, sportlechen an informativen Aktivitéiten fir seng Studenten. Mir probéieren de Studenten ze erlaaben sech besser an hirem neien Ëmfeld anzeliewen a mir hëllefen hinnen nei Kontakter ze kneppen. Mir sinn ëmmer mat Spaass a Motivatioun dobäi a leeë vill Wäert op Zesummenhalt, Oppenheet an Hëllefsbereetschaft.

Wat maachen mir?

  • Wëllkomm (Back) Owend - Op eisem éischten Evenement vum Schouljoer heesche mir deenen neie Studenten:innen direkt mat engem Fräibéier wëllkomm, an ett ass déi perfekt Geleeënheet fir déi déi scho länger zu Léck sinn, seng Kolleegen:innen erëmzegesinn.
  • BeerPong-Tournoi - BeerPong ass natierlech ee Skill den all Student:in beherrsche muss, dofir organiséiere mir all Semester ee Beerpong-Tournoi. Keng Angscht, wann du verléiers kriss du méi ze drénken, domadder hues du op eng gewëssen Aart gewonnen.
  • Lëstlé goes Chapi - De Chapi ass ee risege Fräibéier den am Chapitaule zu Droixhe stattfënnt. Dës si vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll, zum Ufank an zum Schluss vum Schouljoer an ufanks Dezember. Do muss een absolut mol deelgeholl hunn.
  • Saint-Nic a Saint-Torè - Ufanks Dezember a Mëtt Mäerz sinn déi gréisste Studentenfester zu Léck. Déi fänke mat engem Chapi un, den Daach drop ass ee Cortège duerch d'Stad a fir d'Saint-Torè geet et Mëttwochs nach mat enger Garden weider.
Follow eis an de soziale Medien