Skip to main content

LSI

Lëtzebuerger Studenten Innsbruck

Wee si mir?

Den LSI (Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck a.s.b.l.) ass e Veräin, dee lëtzebuergesch Student:innen zu Innsbruck vertrëtt a vereenegt. Hien hëlleft bei der Integratioun am Studenteliewen, bitt Ënnerstëtzung bei Froen zum Studium a Wunnen a schafft eng staark Gemeinschaft duerch Eventer wéi Welcome-Day, Pubquiz oder de Schitripps. De LSI ass politesch neutral, setzt sech vir all Student:in vu Lëtzebuerg an a fördert Zesummenhalt am Ausland an d’Verbindung mat der ACEL. Fir weider Informatiounen oder Froen kann een eis gären iwwer eis Social-Media-Plattformen kontaktéieren. Mir freeën eis drop, nei Student:innen häerzlech bei der LSI-Gemeinschaft ze begréissen a mat iech zesummen flott Momenter ze erliewen.

Wat maachen mir?

  • Eise Welcome-Day ass ee Highlight vum Joer: Mir lounen e Club, invitéieren all eis Memberen a feieren zesummen den Start vum Semester. Mat DJ an offeréierte Gedrénks ass et déi perfekt Geleeënheet, nei Leit kennen ze léieren.
  • Eis Daf ass ee vun de spannendsten Eventer vum Joer. Bei engem Rallye duerch d’Stad Innsbruck entdecken eis Erstien d’LSI-Gemeinschaft op eng spilleresch a lëschteg Manéier. Mat kreative Aufgaben, vill Laachen a gudder Stëmmung entsteet en onvergiesslechen Dag.
  • Eisen Pubquiz ass e lëschtegen Owend voller Wëssen a Teamgefill. An enger gemittlecher Atmosphär trieden d’Equippen géinteneen un, beäntweren originell Froen a kämpfen ëm flott Präisser. Ideal, fir zesumme Spaass ze hunn a de Kapp fräi ze kréien.
  • Eise Karaoke-Owend ass eng onvergiesslech Geleeënheet, d’Stëmm ze weisen oder einfach matzeféieren. An enger relaxer Atmosphär mat Frënn a Memberen entsteet vill Spaass, vill Laachen an eng super Stëmmung.
  • Eist Ski-Event ass e sportlechen Ausfluch, deen eemol am Semester stattfënnt. Zesumme fuere mir mam Bus, zum Beispill op Ischgl. Mat vill Spaass, Sonn, Schnéi a gudder Laun verbrénge mir en onvergiesslechen Dag op der Pist an eventuell um Après-Ski.
Verfolleg eis an de soziale Medien