LUXÉIRE
Lëtzebuerger Studenten an Irland
Wee si mir?
D’LUXÉIRE, d‘Lëtzebuerger Studenten an Irland, gouf 2025 gegrënnt, fir Lëtzebuerger Studente, déi an Irland liewen a studéieren, zesummenzebréngen. D’Grupp huet als Zil, eng staark a wëllkommend Gemeinschaft opzebauen, andeems Studente vernetzt ginn, sozial a kulturell Eventer organiséiert ginn an en Austausch vu Erfahrunge gefërdert gëtt. LUXÉIRE ënnerstëtzt nei an aktuell Studente mat Äntwerten op Froen, praktesche Rotschléi an Hëllef bei der Integratioun am iresche Studenteliewen. Egal ob nei ukomm oder scho gutt agelieft, d‘LUXÉIREass fir Iech do.
Wat maachen mir?
- D’LUXÉIRE organiséiert am Februar en éischte Wëllkommenspatt an Zesummenaarbechtmat der Ambassade zu Dublin, fir nei Memberen häerzlech Wëllkomm ze heeschen ande Cercle virzestellen.
- Fir Saint Patrick’s Day gëtt en Event organiséiert, entweder als Virfeier oder alsHangover Brunch den Dag drop.
- D’LUXÉIRE huet als Zil, reegelméisseg Stammdëscher ze organiséieren.
- De Cercle ass och op der Studentefoire zu Lëtzebuerg vertrueden, fir all är Froen zebeäntweren.
- Fir Kleesechersdag suergt d’LUXÉIRE dofir, dass d’Kanner an Irland och schéi verwinntginn.
- Zousätzlech sinn Ausflich an Irland fir all Memberen geplangt.
Follow eis an de soziale Medien


