
SLUF
Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg
Wee si mir?
De SLUF huet et sech zur Aufgab gemaach eng Gemeinschaft opzebauen ënnert de Lëtzebuerger Student:innen zu Freiburg. Nieft dem wéchentleche Stammdësch organiséiere mir nach vill aner Eventer wou een nei Leit ka kenneléieren an zesumme Spaass hunn. Dank eise ville Gruppe muss keen eppes eleng maachen, sief et am Fussball- oder Äishockeystadion di Freiburger Equippen unzefeieren, selwer Fussball ze spillen, lafen ze goen oder sech einfach mol op eng Terrass ze setzen an e gudde Kaffi oder Béier ze genéissen, hei fënnt een ëmmer Leit déi motivéiert si fir matzegoen.
Wat maachen mir?
-
All Mëttwoch ass Stammdësch am Cheers.
-
All neit Semester gëtt mat enger Boume d'Ouverture offiziell ugefaangen.
-
Beim Pubquiz strenge mir eemol am Semester eis gro Zellen un (ausserhalb vum Kuer natierlech).
-
Beim Cafésrallye ginn et vill flott Caféen ze entdecken a Spiller ze meeschteren.
-
Am Wanter verbrénge mir ee gemittleche Weekend zesummen an enger Hütt um Feldberg, do iesse mir dann zesumme vill Raclette a spillen am Schnéi.
Verfolleg eis an de soziale Medien