ALEP

Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie

Wat ass d’ALEP?

D’ALEP (Association Luxembourgeoise de Étudiants en Psychologie) gouf 1998 an d’Liewe geruff, a representéiert, wéi de Numm et schon seet, d’Psychologiestudenten vu Lëtzebuerg. D’ALEP ass deemno eng fachspezifesch Studentenassociatioun, där hir Memberen op verschiddenen Unie Psychologie studéieren.

Wat mëcht d’ALEP?

D’ALEP organiséiert e puer Evenementer am Joer; dëst sinn z.B. eng Soirée d’Information sur la Psychologie an 3-4 Mol pro Semester Visiten vun psychologeschen Institutiounen. Een Haaptzil ass et op sou Evenementer de Kontakt tëschent de Studente vum Studiefach Psychologie hierzestellen. Mir wëllen awer och ee gudde Lien tëschent de Studenten an de professionelle Psychologen an hirem Beruffsverband, der SLP (Société Luxembourgeoise de Psychologie), hierstellen. D’ALEP representéiert och Lëtzebuerg bei der EFPSA (European Federation of Psychology Students’ Association), dem Daachverband vun den Psychologiestudenten an Europa. EFPSA bitt wëssenschaftlechen Austausch um europäeschen Niveau an niewebäi sti vill sozial a kulturell Aktivitéiten um Programm un deenen ALEP-Memberen sech bedeelege kënne. D’ALEP ass och dobäi fir Schüler, déi sech fir d’Fach interesséieren, ze informéieren, an dat duerch Präsenz op Studieninfoen an der Foire de l’Etudiant.

Wat bitt d’ALEP de Psychologiestudenten?

Psychologiestudenten bitt d’Memberschaft bei der ALEP d’Méiglechkeet Leit kennen ze léieren, interessant Austauschen ze maachen an Informatiounen iwwer Stagen an aner Offeren ze kréien. Duerch eis Kontakter mat der ACEL, der EFPSA, Psychologen, der Uni.lu kréie mer vill News aus der Studenten- a Psychoswelt, déi mer de Membere weiderschécken. Als Psychologiestudent/in kanns du Member bei der ALEP ginn! Studéiers du Psychologie an hues Loscht dech ze engagéieren? Fir an den ALEP-Comité ginn all Joer nei Leit gesicht. Also schwätz eis drop un oder schreif eis eng Mail, wann s de dës flott Erfarung wëlls maachen!

E Lien tëschent Psychologen a Psychologiestudenten?

Wann Dir als Psycholog bereet sidd Psychologiestudenten an de Stage ze huelen an/oder hinnen d’Méiglechkeet ze ginn äre Service kennen ze léieren, da kënnt Dir Iech gär un eis wennen. Mir maachen och gär Reklamm fir Konferenzen, Tables rondes, Formatiouen, asw., déi Dir organiséiert.

Schüler kuerz virum Studium op der Sich no Informatiounen?

Fir Schüler, déi sech fir d’Fach interesséieren, komme bei der ALEP vill Informatiounen zesummen, déi weiderhëllefen fir säi Studium ze plangen. Psychologiestudenten kënnen iech hier Erfarunge weiderginn, déi iwwer offiziell Informatiounen erausginn. D’ganz Joer iwwer kënnt dir eis Froen eraschécken op Direkt a Kontakt trieden ass méiglech op der Soirée d’Information sur la Psychologie déi all Joer stattfënnt, op der Foire de l’Etudiant an op der Porte ouverte vun der Uni Lëtzebuerg, wou mer ee Stand hunn.


Contact: