LSK

Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern

Op eiser Internetsäit kënnt dier eis kenne leieren an och eis Aktivitéite verfollegen. Mir begréisse gären nei Memberen, déi de Wee bei eis op Lautern fonnt hunn. Eise Veräin ass politesch a reliéis neutral an huet keen aneren Zweck, wéi d’Studenteliewen opzelackeren. De Club ass 1981 vu 7 Leit gegrënnt ginn an ass zënter hier ëmmer méi grouss ginn. De Moment studéieren zirka 250 Lëtzebuerger zu Lautern, dovu sinn der ronn 110 am LSK. Et muss een net onbedéngt Lëtzebuerger si fir am LSK ze sinn, mee fir aktive Member ze gi sollt ee schonns studéieren. Donieft si mer op der Foire de l’Etudiant present, si Member vun der ACEL a sinn och soss virbäi wann eppes leeft. Wat net feelen däerf ass eise Stammdësch, wou mir eis all Dënschdeg treffe fir ze schnëssen. Duerch de LSK léiert ee méi séier aner Leit kennen. Dat ass vu Virdeel well een esou seng Erfarunge mat deenen eelere Semestler austausche kann. Eise Veräin ass ëmmer bereet fir ze hëllefe wann et Problemer ginn, zemools den Éischtsemestler, déi sech nach aliewe mussen a frou si fir all Hëllef déi se kréien.

LU22 0019 3955 9543 8000 BCEELULL


Contact: